Dora (Kanoun)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Modell vun der Dora

Schwéiere Gustav an Dora waren d'Nimm vun de gréissten a deierste Kanoune vun der Welt, déi a Wierklechkeet agesat goufen. Iertemlecherweis goufen déi Spezialgeschëtzer dacks als Eisebunnsgeschëtz tituléiert, och wa se nëmmen e kuerze Schinnewee gebraucht hunn, fir opgebaut ze ginn a schéissen ze kënnen, dat am Géigesaz zu deenen um Schinnewee mobil agesaten Eisebunnskanounen. D'en Opbau op Gleiser war neideg fir d'Kanoun an der Direktioun ausriichten ze kënnen. Fir dat maachen ze kënnen, goufe Gleiser mat enger Kéier ugeluecht, an duerch no vir oder hannerzeg fueren, konnt sou den horizontale Wénkel geännert ginn. Si goufe vun der Firma Krupp an de Joren 1937–1941 fabrizéiert a vun Däitschland am Zweete Weltkrich agesat.

Geschicht an Asaz[änneren | Quelltext änneren]

An de drësseger Joren huet Frankräich d'Maginot-Linn gebaut, fir sech géint eng Invasioun duerch d'Truppe vum Drëtte Räich ofzesécheren. D'Panzerung vun hire Wierker war sou virgesinn, datt hir Befestegungen de gréissten, am Éischte Weltkrich agesate Kanoune standhalen kéint (geduecht war u Geschëtzer wéi d'Déck Bertha mat engem Kaliber vu 420 mm. Den Hitler huet du Krupp beoptragt, eng Kanoun z'entwécklen, déi et méiglech géif maachen, dës Befestegungen ze zerstéieren. Dräi Projete goufen ausgeschafft, mat Kalibre vu 600, 800 an 1000 mm.

1937 gouf d'Entwécklung vum Modell vun 800 mm ugefaangen, genannt Schwéiere Gustav, genannt nom Gustav Krupp von Bohlen und Halbach, dem Direkter vun der Firma. Zwou éischt Kanoune goufe bestallt. Déi éischt, déi 1941 ausgeliwwert gouf, krut den Numm Dora, de Virnumm vun der eelster Duechter vum Auteur vum Projet.

Zu deem Zäitpunkt, 1941, waren d'Maginot-Linn, an och déi belsch Festungen ëm Léck awer schonn laang an den Hänn vun den däitschen Truppen, sou datt den Zweck vum Projet an deem Moment net méi erfëllt war. Dat huet sech geännert, wéi Däitschland d'Operatioun Barbarossa, den Iwwerfall op d'Sowjetunioun, declenchéiert huet. Beim Virstouss op de Kaukasus, mam Zil Sewastopol z'erueweren, gouf dunn d'Dora an Deelstécker op d'Plaz vun hirem Asaz bruecht. E puer Forte goufen do vun der Dora zerstéiert.[1].

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

Granat vun der Dora
Maquette vun der Kanoun am Musée vun Dresden
Granat vun der Dora, hannen am Bild e russeschen T-34
  • Gewiicht 1.350 t
  • Opbau vun der Stellung: Zwee paralleel Eisebunnsgleiser
  • Längt / Breet / Héicht: 42,976 m / 7,01 m / 11,6 m
  • Kaliber: 800 mm
  • Längt vum Rouer: 32,48 m
  • Gréissten Ofschoss-Wënkel: téscht 48° a 65° (jee nom Opbau)
  • Munitioun
    • Granatkapp
      • Gewiicht: 7.100 kg
      • Längt: 6,79 m
      • Aktiounsradius: 38 Km
      • Penetratioun
        • Stol : 1 m
        • Arméierte Bëtong: 7 m
        • Bëtong: 10 m
        • Buedem: 30 m
    • Sprengstoff-Kompartiment
      • Gewiicht: 4.800 kg
      • Längt: 8,26 m
  • Preparatioun vum Terrain: 3 bis 6 Wochen (2500 Mann)
  • Zäit fir d'Kanoun opzebauen: 54 Stonnen (250 Mann)
  • Equipage: 1150 Mann
  • Kadenz: 14 Schëss/pro Dag
  • Liewensdauer vun der Kanoun: 300 Schëss ongeféier

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dora – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. L'Armement, Revue vun der DGA n°51, Mäerz 1996, p.25, Les canons géants