Doudebuch

Vu Wikipedia

En Doudebuch staamt vun ale Kulturen an ass eng Textsammlung oder en eenzelen Text déi geduecht waren, dem Doudegen et z'erlaben, d'Rees op Déi Aner Säit méi bewosst z'organiséieren.

Aus dem egypteschen Doudebuch: Den Nebked, e Sekretär aus der Zäit vum Amenophis III. (18. Dynastie) presentéiert sech mat senger Mamm a senger Fra beim Osiris, dem Gott vun den Doudegen. (aus dem Louvre)

Déi wichtegst Doudebicher stamen aus dem alen Egypten an aus dem Tibet:

Déi westlech New Age-Moud huet sech natierlech un deenen Texter ergëtzt, well déi der dekadenter Virstellungswelt vu villen esoteresche Stréimungen an d'Hänn gespillt hunn.

De Paräisser Codex, deen als Doudebuch vun de Maya virgestallt gouf, geet awer laanscht d'Definitioun, well et doran ëm Ritualer geet, déi de Wonsch no Reinkarnatioun ausdrécken.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]