Doudege Wénkel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Doudege Wénkel am Allgemengen. Fir de Filmtitel, kuckt w.e.g. Doudege Wénkel (Film). |
Mat doudege Wénkel ass eng Plaz an engem Raum gemengt, déi ee vum Standpunkt vun deem dee kuckt, net ka gesinn.
Am Kader vun der Verkéierssécherheet ass domatter déi Positioun par rapport zum Chauffeur vun engem Gefier gemengt, déi dësen net ka gesinn, sief et, well se ze no um Gefier ass, sief et, well Fënsteren a Réckspigel déi Zonen net ofdecken. Aner Gefierer oder Persounen lafen deemno Gefor, wann s'am Doudege Wénkel sinn, beim engem Manöver iwwersinn an an en Accident verwéckelt ze ginn.
Am Militärjargon ass mat doudegem Wénkel dee Beräich gemengt, deen net duerch feindlecht Schéissen erreecht ka ginn.