Douglas Sirk
Den Douglas Sirk gebuer als Hans Detlef Sierk de 26. Abrëll 1897 zu Hamburg a gestuerwen de 14. Januar 1987 zu Lugano, Schwäiz war en internationalen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
Den Detlef Sierk ass zu Hamburg opgewuess als Jong vun däneschen Elteren. Hien huet Droit studéiert. Nom Studium war hie Redakter bei der Neuen Hamburger Zeitung. Duerno ass hie bei den Theater gangen a war vu 1929 bis 1935 Intendant am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg. 1934 krut hien e Vertrag als Filmregisseur bei der UFA. 1937 huet hien Nazidäitschland verloss an ass a Frankräich an den Exil gangen. Duerno huet hien Europa fir d‘USA verlooss.
Mat Hitler's Madman huet hie säin éischten US-amerikanesche Film am Joer 1943 gedréint. Zu senge bekanntesten Hollywoodfilmer zielen Magnificent Obession (1954) an All That Heaven Allows (1954) all Kéier mam Jane Wyman a Rock Hudson an den Haaptrollen . Niewent der Lauren Bacall asst de Rock Hudson och erëm am Drama Written on the Wind ze gesinn.
Besonnesch déi jonk franséisch Kritiker Jean-Luc Godard a François Truffaut ware vum Film A Time to Love and a Time to Die nom Roman vum Erich Maria Remarque begeeschtert. Mat Imitation of Life huet hie 1959 säi leschte Spillfilm an den USA gedréint.
Duerno huet hie sech op Lugano an d’Schwäiz zréckgezun. Vun 1974 bis 1978 war hien Dozent op der Hochschule für Fernsehen und Film München.
Filmographie [änneren]
- 1934 - Zwei Genies, mam Fritz Odemar (Kuerzfilm)
- 1935 - Dreimal Ehe, (Kuerzfilm)
- 1935 - Der eingebildete Kranke, mam Fritz Odemar (Kuerzfilm)
- 1935 - April, April, mam Lina Carstens a Werner Finck
- 1935 - Stützen der Gesellschaft, mam Heinrich George
- 1935 - Das Mädchen vom Moorhof, mam Hansi Knoteck
- 1936 - La chanson du souvenir, Regie zesumme mam Serge de Poligny mam Mártha Eggerth a Colette Darfeuil
- 1936 - 't was een april Regie zesumme mam Jaques van Tol
- 1936 - Schlußakkord, mam Willy Birgel a Lil Dagover
- 1936 - Das Hofkonzert, mam Mártha Eggerth a Johannes Heesters
- 1937 - Zu neuen Ufern , mam Zarah Leander a Willy Birgel
- 1937 - La Habanera , mam Zarah Leander a Ferdinand Marian
- 1939 - Boefje
- 1943 - Hitler's Madman, mam John Carradine
- 1944 - Summerstorm, mam Linda Darnell a George Sanders
- 1946 - A Scandal in Paris , mam George Sanders a Carole Landis
- 1946 - Lured, mam George Sanders a Lucille Ball
- 1947 - Sleep, My Love, mam Claudette Colbert a Robert Cummings
- 1948 - Shockproof, mam Cornel Wilde a Patricia Knight
- 1948 - Slightly French, mam Dorothy Lamour an Don Ameche
- 1950 - Mystery Submarine, mam Macdonald Carey a Märta Torén
- 1951 - The First Legion, mam Charles Boyer a William Demarest
- 1951 - Thunder on the Hill, mam Claudette Colbert a Ann Blyth
- 1951 - Week-End with Father, mam Van Heflin a Patricia Neal
- 1952 - Has Anybody Seen My Girl?, mam Piper Laurie a Rock Hudson
- 1952 - Take me to Town, mam Ann Sheridan a Sterling Hayden
- 1952 - The Lady Pays Off, mam Linda Darnell a Stephen McNally
- 1952 - No Room for the Groom, mam Tony Curtis a Piper Laurie
- 1953 - Meet Me at the Fair, mam Dan Dailey an Hugh O'Brian
- 1953 - Taza, Son of Cochise, mam Rock Hudson a Barbara Rush
- 1953 - All I Desire, mam Barbara Stanwyck a Maureen O'Sullivan
- 1954 - Magnificent Obsession, mam Jane Wyman a Rock Hudson
- 1954 - Captain Lightfoot, mam Rock Hudson a Barbara Rush
- 1954 - Sign of the Pagan, mam Jeff Chandler a Jack Palance
- 1955 - All that Heaven Allows, mam Jane Wyman a Rock Hudson
- 1956 - There's Always Tomorrow, mam Barbara Stanwyck a Fred MacMurray
- 1957 - Written on the Wind, mam Rock Hudson, Lauren Bacall, Robert Stack an Dorothy Malone
- 1956 - Battle Hymn, mam Rock Hudson an Dan Duryea
- 1957 - Interlude, mam June Allyson, Rossano Brazzi a Marianne Koch
- 1957 - The Tarnished Angels, mam Rock Hudson a Robert Stack
- 1958 - A Time to Love and a Time to Die, mam John Gavin a Liselotte Pulver
- 1959 - Imitation of life, mam Lana Turner, John Gavin a Sandra Dee