Doulemerbaach

Vu Wikipedia
Doulemerbaach
Längt 4,7 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Kächerbësch
Héicht m (haut)
Koordinaten 49° ’ ’’ N
      ° ’ ’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz hanner dem Hesper Gemengenhaus
Héicht m
Koordinaten 49° ’ ’’ N
      ° ’ 32’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Leideleng, Lëtzebuerg an Hesper
Mäerzblimmercher

D'Doulemerbaach, oder Duelemerbaach, ass eng Baach zu Lëtzebuerg an de Gemenge Leideleng, Lëtzebuerg an Hesper.

Si huet hir Quell an der Gemeng Leideleng am Kächerbësch. Si leeft vun do aus no Osten, an no 500 Meter kënnt se op den Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg, wou se fir d'éischt d'Brakeweiere fiddert, an duerno duerch de Grousseweier leeft. Ronn 800 Meter méi déif leeft se ënner der Diddelenger Autobunn erduerch, fir dann duerch eng schmuel Griecht op Hesper weider ze lafen, wou se hanner dem Hesper Gemengenhaus an d'Uelzecht leeft. D'Baach ass 4,7 km laang.

An de Bëscher vum Doulemerdall wiisst eng rar Bléieplanz, déi zu Lëtzebuerg nëmmen nach op ronn enger Dosen aner Plaze virkënnt: d'Mäerzblimmchen oder de Mäerzstäerchen, Scilla bifolia.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]