Tréierer Doum

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Doum vun Tréier)
Den Doum zu Tréier

Den Tréierer Doum St. Peter (op Däitsch: Hohe Domkirche St. Peter zu Trier) ass déi eelst Kathedral an Däitschland an d'Mammekierch vum Bistum Tréier. Si läit am Stadzentrum vun Tréier.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 310 an 320 ass op de Reschter vun engem representative réimesche Wunnhaus eng éischt grouss Kierch gebaut ginn. Déi riseg Granitsail (Domstein) virun der Entrée vum Doum weist op e réimeschen Ursprong vum chrëschtleche Gebai hin. Ënner dem Bëschof Maximin (329 bis 346) ass dës éischt Kierch a Richtung Norden an Osten erweidert ginn. Sou ass eng monumental Kierchenanlag mat véier Gebaier am Basilikestil, enger Dafkapell ("Baptisterium") a villen Niewegebaier entstanen. Domat war de Komplex zu Tréier eng vun de gréisste Kierchenanlagen am 4. Joerhonnert.[1]

Mat den Onroue vun de Vëlkerwanderungen ass deen antike Komplex an der éischter Hallschent vum 5. Joerhonnert zerstéiert ginn. Een Deel war zwar nees opgebaut ginn, mä d'Normannen hunn déi Gebaier 882 erëm zerstéiert.[1]

Eréischt am 11. Joerhonnert gouf dunn erëm richteg mam Neiopbau vum Doum ugefaangen.[1] De réimesche Kär vun der Kierch, dee ganz bliwwe war, ass nees mat eenzele romaneschen Ubaute vergréissert ginn. Ëm 1200 gouf südlech vum Doum déi fréigotesch Léiffraekierch op réimesche Sailefëllementer vun engem fréiere Kierchendeel opgeriicht. Si steet mam Doum an de klengen enke Gaasse ronderëm, an der Doumstad.

Nom Enn vum Drëssegjärege Krich (1648) gouf mat der Ëmgestaltung vun der Doumkierch ugefaangen. Sou sinn dunn ënner anerem en altoränlechen Opbau am Ostchouer opgeriicht ginn, a baussent dem Ostchouer ass eng Hellegtumskummer bäigebaut ginn. Do läit den Hellege Rack, déi wäertvollst Reliquie am Doum. 1717 huet et am Doum gebrannt an um Bau selwer ass vill geännert ginn: am Laf vum 18. Joerhonnert si vill Elementer aus dem Barock derbäikomm.[1]

Schonn am 19. Joerhonnert gouf mat Restauréierungsaarbechten ugefaangen, déi Ufanks nach sollten dat mëttelalterlecht Ausgesinn vum Doum nees hierstellen. Déi lescht grouss Restauréierung war tëscht 1960 an 1974.[1]

Wéinst senger 1700 Joer aler Geschicht ass den Doum 1986 an d'Weltierwe vun der UNESCO opgeholl ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cathedral of St. Peter (Trier) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 dominformation.de: Der Trierer Dom: 1700 Jahre Bau-, Kunst- und Glaubensgeschichte (gekuckt den 12. Oktober 2017)