Douseschlëssel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
En Douseschlëssel, deen ugepecht ass

En Douseschlëssel ass e Geschier fir Dousen opzemaachen. E gëtt bei Douse gebraucht, déi net geduecht si fir mat engem Béchsenëffner opgemaach ze ginn. Sou Dousen hunn e Blechbändchen, dat scho virgerëtzt ass an dat ee liicht lasswéckele kann.

Douseschlëssele goufe fréier dacks bei Corned Beef- an Hierkendouse matgeliwwert. Se ware fir datt se net verluer sollte goen um Deckel oder um Buedem vun der Bécks ugepecht oder ugeléit. An de Stéit ware se gewéinlech méi grouss a ware mat engem Fläschenëffner kombinéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Douseschlëssel – Biller, Videoen oder Audiodateien