Dräi Brécken (Atertlinn)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi sougenannt Dräi Brécken si fir richteg eng Bréck mat dräi Béi (dohier hiren Numm) bei Äischen.
D'Bréck gouf 1878 fir d'Atert-Eisebunnslinn vu Péiteng op Ettelbréck, gebaut.
Déi dräi Béi hunn eng Spanwäit vu je 7 m. Dee mëttelse Bou geet iwwer d'Äisch, deen nërdlechen iwwer den CR105 vun Äischen op Habscht.
Nodeems op der Eisebunnslinn den 23. September 1967 de Persouneverkéier an de 15. Mee 1969 de Marchandisëverkéier agestallt gouf, ass hiren Tracé an eng Vëlospiste ëmfonctionnéiert ginn, iwwer déi haut d'PC 12 féiert.
D'Bréck gouf 2009 bis 2011 restauréiert.
Si steet zënter dem 30. Abrëll 2003 op der Lëscht vum Zousaz-Inventaire vun de klasséierte Monumenter.
Kuckt och [änneren]
- Dräi Brécken fir aner Brécken, déi esou genannt ginn.
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Habscht