Helleg dräi Kinneken

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dräi Kinneken)
Veréierung vun de Kinneken, Kapitell, Saint-Lazare zu Autun.
Déi dräi Kinneke vum Meeschter vu Meßkirch, ëm 1538

Helleg Dräi Kinneken oder Geléiert aus dem Mueresland ginn der chrëschtlecher Traditioun no déi Stärendeiter (am griicheschen Ausgangstext: Μάγοι ἀπὸ ἀνατολῶν "Magier aus dem Osten") genannt, déi am Matthäus-Evangelium (Mt 2,1-13a) vum Stär vu Bethlehem bei den neigebuere Jesus gefouert goufen. "Magoi" - 'Magier' kéint een och mat 'Astrologen' iwwersetzen.

Am Neien Testament steet weeder, datt et Kinneke wieren, nach zu wéi vill se gewiescht wieren. Dës Aspekter ginn eréischt no an no an de Legenden, vum 3. Joerhonnert un, preziséiert. Déi an der Westkierch verbreet Nimm Caspar, Melchior a Balthasar goufen eng éischt Kéier a Legenden aus dem 6. Joerhonnert ernimmt. Déi Syresch Chrëschten nenne se Larvandad, Hormisdas a Gushnasaph; bei den Armeenier gi se Kagba a Badadilma genannt; a bei den Ethiopier hu se d'Nimm Tanisuram, Mika, Sisisba an Awnison, Libtar, Kasäd.

An de mëttelalterleche Mysteriespiller fir d'Dräikinneksfest goufen hir Personnagë weider ausgebaut: sou wier de Melchior Kinnek vun Arabien, de Balthasar vu Saba an de Caspar vu Chaldäa. Zanter dem 12. Joerhonnert gëtt ee vun deenen Dräi mat donkeler Hautfaarf representéiert; dacks si s'och als jonke Mann, mëttelalen an ale Mann mat groem Baart duergestallt.

An der Réimesch-kathoulescher Kierch ginn déi dräi Kinneken als Helleg veréiert. An der kathoulescher Liturgie ass hiert Fest ("Dräikinneksdag") dat vun der Epiphanie, dat de 6. Januar gefeiert gëtt. Och déi Evangeelesch Kierchen erënneren op Epiphanie un déi Geléiert. An den orthodoxe Kierchen dergéint gëtt op deem Dag d'Daf vum Jesus duerch de Johannes den Deefer am Jordan gefeiert an och d'Offenbarung vun der Dräifaltegkeet.

Traditiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • A Spuenien sinn et déi Dräi Kinneken, an net de Kleeschen, déi de Kanner Kaddoe bréngen.
  • A Frankräich (an och ëmmer méi zu Lëtzebuerg) gëtt op Dräikinneksdag eng Galette des Rois, e ronne Bliederdeegkuch mat Frangipanes-Fëllung giess. An dëser Galette ass eng Fève (fréier war et eng gedréchent Dulles, haut meeschtens eng Parzeläinsfigur) verstoppt. Wien d'Stéck mat der Fève kritt, gëtt fir een Dag zum Kinnek an der Famill ernannt.
  • An Däitschland ginn d'Kanner als Kinneke verkleet (sougenannt Sternsinger) vun Haus zu Haus bei d'Leit Suen ophiewe fir verschidde chrëschtlech Hëllefswierker. Do wou s'eppes kréien, schreiwe se mat Kräid op d'Dir oder d'Zarg C+M+B+ zesumme mat der Joreszuel, z. B. 20*C+M+B+06, d'Buschtawen C, M a B sti fir de laténgesche Saz Christus mansionem benedicat (Christus soll dëst Haus seenen). Et kéint sinn datt d'Nimm Caspar, Melchior a Balthasar déi déi 3 Kinneken traditionell kréie vun dëse Buschtawe kommen. Och zu Lëtzebuerg gëtt et plazeweis Kanner, déi wéi an Däitschland als Kinneke verkleet, als Sternsinger, vun Haus zu Haus bei d'Leit Suen ophiewe gi fir verschidden, virun allem chrëschtlech, Hëllefswierker.
  • An Italien ass et déi gutt Hex Befana (vum italieeneschen Epifania), déi an der Nuecht vum 5. op de 6. Januar op hirem Biesem vun Haus zu Haus flitt an d'Kanner beschenkt oder se mat engem Stéck Kuel bestrooft. Der Seechen no hätt d'Befana sech op Hellegerowend och op de Wee op Bethlehem gemaach, leider awer de Stär verpasst a wier duerfir ze spéit komm. A sou flitt se haut nach ronderëm.

Konschtgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Theema vun den Dräi Kinneken ass en traditionellt Motiv an der Konschtgeschicht, dat vum 4. Joerhonnert bis haut ëmmer erëm vu Kënschtler opgegraff an nei interpretéiert gouf[1].

Reliquien[änneren | Quelltext änneren]

Dräikinneksschräin am Kölner Doum.

Der Legend no hätt d'Helleg Helena, d'Mamm vum Kinnek Konstantin, op enger Pilgerrees a Palestina ëm 326 d'Schanke vun den Hellegen Dräi Kinneken do fonnt a matgeholl. Enger Legend aus dem 12. Joerhonnert no soll de Bëschof Eustorgius vu Mailand († um 350) e puer Joer drop déi Reliquie vum Keeser als Kaddo kritt a s'op Mailand bruecht hunn. Wéi de Friedrich Barbarossa Mailand 1162 eruewert huet, huet de Kölner Äerzbëschof (a Kanzler vum Friedrich) Rainald von Dassel d'Schanke vum Keeser geschenkt kritt. Den 23. Juli 1164 si se zu Köln ukomm, wou se bis haut am Kölner Doum veréiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dräi Kinneken – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Raum "Drei Könige" an der rpi!Artothek vermëttelt e kuerzen Iwwerbléck iwwer d'Konschtgeschicht vum 4. bis 21. Jh.