Dräidar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dräidar | |||||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Dräidar |
|||||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
| Rhamnus cathartica L. |
|||||||||||||||||||
En Dräidar (Rhamnus cathartica) ass en Trausch aus der Famill vun de Rhamnaceae, deen an Europa, Asien an Afrika doheem ass.
Als Trausch gëtt den Dräidar bis zu 3 Meter an als Beemche bis zu 6 Meter héich, a kann esou bis zu 100 Joer al ginn. En huet Daren, dohir säin Numm. Seng kleng, schwaarz Biere si gëfteg a kënne gedréchent als Laxatif gebraucht ginn. De botaneschen Numm weist dorops hin (algrichesch: katarthikos heescht rengegen).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Lëtzebuergesch Nimm
Den Henri Klees (1972) nennt fir de Rhamnus cathartica och nach déi heite lëtzebuergesch Nimm: Porjéierdar, Schäissdar (wéinst der purgativer Wierkung vun de Friichten) a Weedar. Si sinn awer kaum nach am Gebrauch.
[änneren] Den Dräidar zu Lëtzebuerg
Zu Iener steet en Dräidar, deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt.
[änneren] Literatur
- Klees, Henri, 1972. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur Luxemburgischen Sprach-und Volkskunde Nr. VIII. Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie. Dréckerei Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht. 187 S. (Cf. S. 61).
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Rhamnus cathartica – Biller, Videoen oder Audiodateien |