Dräifaltegkeetskierch vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg vu Lëtzebuerg 49° 36’ 33’’ N 06° 07’ 56’’ O
Dräifaltegkeetskierch mat der Kathedral am Hannerdrond

D'Dräifaltegkeetskierch zu Lëtzebuerg, am Volleksmond Protestantesch Kierch oder och Kongregatiounskierch, gëtt zanter 1817 fir protestantesch Gottesdéngschter gebraucht.

D'Kierch steet an der Kongregatiounsgaass (rue de la Congrégation) an der Stad Lëtzebuerg net wäit vun der Kathedral vu Lëtzebuerg.

Geschicht vun der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Kongregatiounskierch[änneren | Quelltext änneren]

Schonn ëm 1313 léisst de Friedrich vu Meesebuerg op dëser Plaz eng Kapell bauen. Am Joer 1602 hunn d'Dominikaner rondrëm dës Kierch e Klouschter gebaut. Wéi d'Jesuiten sech dunn niewendrun niddergelooss hunn an de Kolléisch mat der Jesuitekierch gebaut hunn, déi haiteg Kathedral, sinn d'Dominikaner op de Fëschmaart geplënnert an hunn am Joer 1628 d'Klouschter mat der Kierch un d'Congrégation Notre-Dame des chanoinesses de Saint-Augustin verkaaft. Dësen Uerde gouf 1597 am Herzogtum Loutrengen vum Alix Le Clerc zesumme mam Abbé Pierre Fourier gegrënnt. Zu Lëtzebuerg ginn si am Volleksmond Sophie-Schwësteren genannt an hu sech zanter hirer Grënnung der Ausbildung vu jonke Meedercher ugeholl.

Bei der Belagerung vun der Stad duerch d'Truppe vum Ludwig XIV. am Joer 1684 goufen d'Kierch an d'Klouschter bombardéiert an zerstéiert, duerno awer erëm opgebaut. Am Joer 1737 gouf op de Fundamenter vun dëser Kierch de Grondstee fir eng nei Kierch geluecht. Dës Kierch, déi grouss Ähnlechkeet mat der Tréirer Kierch St. Paulin huet, ass deen éischte grousse Barockbau an der Stad. 1745 gëtt d'Kierch vum Tréirer Weibëschof Lothar Friedrich von Nalbach der Dräifaltegkeet geweit. Déi éischt Altär krut d'Kierch am Joer 1770. Dës Altär stinn haut an der Méchelskierch wéi och an der Kierch vu Baschelt an an der Kierch vun Iewerleng. E grousst Bild vum Jean-Pierre Sauvage hänkt an der Hellengerkierch. Dës Konschtwierker aus der Dräifaltegkeetskierch hu missen 1795 virun de franséische Revolutiounstruppen a Sécherheet bruecht ginn.

Bis zu dëser Zäit gouf och eng Krypta als Kierfecht ënner der Kierch benotzt. An zwou Reien iwwereneen sinn, wéi an de Katakombe vu Roum, 32 Griewer ugeluecht an deenen 125 Chanoinesses begruewe sinn. An der Krypta sinn och zwou Grafplacke vun de Grënnerinne vum Klouschter, der Anne-Marie vu Mansfeld (1585-1657) an der Marguerite vu Busbach (1579-1651). Dës Krypta gouf eréischt 1939, zur Zäit vum Bauteminister René Blum, bei enger Renovatioun vun der Kierch nei entdeckt, wéi Aarbechter en Ornament un enger Mauer fonnt hu mat der Inscriptioun « Sanguis Eius Super Nos » (Säi Blutt [soll] op eis [kommen] - Mt 27,25).

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf d'Kierch als Fudderlager, als Theater an als Dekadentempel profanéiert.

Protestantesch Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Nom Wiener Kongress gouf de protestantesche Kinnek vun Holland Wëllem I. 1815 och Groussherzog vum kathoulesche Lëtzebuerg. Duerch e kinneklechen Dekret vum 20. Oktober 1817 gëtt op Staatskäschten d'Kongregatiounskierch als Garnisounskierch fir de protestanteschen Deel vun de preiseschen Truppen erëm opgebaut. Rondrëm dës Militärgemeinschaft wiisst eng protestantesch Zivilgemeinschaft vu Beamten, Zaldoten, Handwierker a Gaaschtaarbechter.

Herrscherloge an der Dräifaltegkeetskierch

1890 huet mam Adolphe vu Lëtzebuerg d'Dynastie Nassau-Weilburg den Lëtzebuerger Troun iwwerholl, an d'Dräifaltegkeetskierch gouf domat d'Kierch vum Lëtzebuerger Herrscherhaus. Dofir huet de Groussherzog Adolphe am Joer 1901 déi dräi Glasfënsteren un der Altorwand gestëft. Den Altor, d'Sakristei, de Priedegtstull, d'Herrscherloge, den Dafsteen an de Lüster stamen och vum Groussherzog.

Nom Doud vum Groussherzog Adolphe kënnt säi Jong Wëllem IV. op den Troun an hie bestit sech mat der kathoulescher portugisescher Maria Ana vu Bragança. De Bestietnesvertrag huet virgesinn, datt all männlech Nokomme protestantesch an all weiblech Nokomme kathoulesch sollte erzu ginn. D'Koppel huet 6 Meedercher kritt a sou gouf dat Lëtzebuerger Herrscherhaus kathoulesch.

D'Uergel gouf am Joer 1877 vun der Firma Stumm vu Rhaunensulzbach gebaut an de Jean-Antoine Zinnen huet se den 3. Mee 1877 fir de Consistoire ofgeholl. Spende fir d'Uergel koumen ënner anere vum Prënz-Statthalter an dem Groussherzog vu Sachsen-Weimar. Déi 1998 renovéiert Uergel huet 1350 Päifen. Nieft dem elektresche Gebléis besteet nach ëmmer de mechanesche Gebléisballeg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Konsistorium der Evangelischen Kirche Luxemburgs. Touristischer Rundweg durch die Dreifaltigkeitskirche. (Zusammengestellt von Klaus Loetsch).
  • Loetsch Klaus, 2011. Vom Mittelalter bis heutzutage, Rundweg durch die Dreifaltigkeitskirche. In: Luxemburger Wort (22. Januar), S. 22.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dräifaltegkeetskierch vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]