Dräikinnekshaus (Tréier)

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dräikinnekshaus

D'Dräikinnekshaus zu Tréier an der Simeonsstrooss net wäit ewech vun der Porta Nigra ass e fréigotescht Wunnhaus mat enger opfälleger Fassade. Den Numm soll vun engem Tableau vun der Epiphanie, deen am Haus houng stamen.

D'Gebai ass tëscht 1220 an 1230 als romanesche Wunntuerm opgeriicht ginn. Well sech d'Haushären an där Zäit selwer hu misse verdeedege, louch d'Entrée ursprénglech um éischte Stack iwwer der haiteger rietser Aganksdier. Iwwer eng Leeder oder Holztrap, déi bei Gefor agezu konnt ginn, war d'Wunnengen z'erreechen. Déi haiteg Agäng stamen aus spéiderer Zäit.

Well de Wunntuerm am 19. Joerhonnert komplett ëmgebaut gouf, konnt bei der Restauréierung d'Fassade nëmme schwéier nom urspréngleche Muster nees opgefrëscht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]