Dräikinnekssangen
Dräikinnekssangen ass e Brauch, dee besonnesch an däitsproochege Géigenden ze fannen ass, bei deem op Dräikinneksdag dräi Mënschen, déi als Helleg dräi Kinneken verkleet sinn, vun enger Dier bei déi aner heesche ginn, an dat fir e gudden Zweck.
D'Dräikinnekssangen geet zréck op d'Matthias-Evangelium 2,1 , wou vun dräi "Stärendeiter" Rieds geet, déi am Laf vun der Zäit zu "Kinneken" ëmgediebelt goufen.
[änneren] Dräikinnekssänger
D'Dräikinnekssänger gi vun hirer Par erausgeschéckt, a sangen de Leit ,déi hinnen opmaachen, e Lidd oder soen e Gedicht oder e Gebiet op. Nodeems se Sue kruten, schreiwe se iwwer d'Dunn vun der Dier mat Kräid hire Seegenswonsch "C+M+B+" an déi jeeweileg Joreszuel mat dräi Kräizer. Am Joer 2008 ass dat 20*+C+M+B+08. D'Bedeitung vun de Buschstawen C, M a B gëtt mat "Christus Mansionem Benedica", "Christus soll dëst Haus seenen", erkläert.
[änneren] Dräikinnekssangen zu Lëtzebuerg
Zu Keel organiséieren d'Scouten all Joer de 6. Januar en Dräikinnekssangen an de Stroossen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Dräikinnekssangen – Biller, Videoen oder Audiodateien |