Dräiwee-Stativkapp

Vu Wikipedia

Den Dräiwee-Stativkapp ass e Stativkapp, deen an der Fotografie gebraucht gëtt.

Mat Hëllef vun engem Dräiwee-Stativkapp léisst sech e Fotoapparat an dräi Achsen dréien:

  • Dréien mat der Mëttelsail als Achs no lénks oder no riets ëm 360° an doriwwer ewech
  • Hiewen oder Bécke vum Objektiv
  • Kippen no der Säit no lénks oder no riets

Duerch d'Positionsännerunge vum Stativkapp mat dräi onofhängege Gelenker ë eng Achs, léisst den Dräiweekapp sech net sou séier an déi gewënscht Positioun bréngen, wéi de Kugel-Stativkapp. De Virdeel vis-à-vis vum Kugelkapp ass deen, datt beim Dräiwee-Kapp eng Achs no där anerer agestallt ka ginn.

Eng nei Form vum Dräiwee-Kapp ass de Mikrometerschrauf-Stativkapp, bei deem de Fotoapparat nom Lassdréine vun engem Achsgelenk net no hannen oder no vir fale kann.

Modern Stativkäpp si meeschtens mat Fotoapparate-Placken ausstafféiert.