Dr. Abuse

Vu Wikipedia
Dr. Abuse and the Atrocity Theatre
Dr. Abuse
Museksgenre Synth Rock
Land Lëtzebuerg Belsch
Grënnung 1990
Trennung 1996
Memberen Alain Lorang (Gesank, Batterie)
Jean Biver (Bass, 1990)
Mickey Hardt (Gittar, 1990)
Véronique Faber (Synthesizer, vun 1991 un)
Walter Andreosso (Synthesizer, vun 1991 un)

Dr. Abuse, Ufanks Dr. Abuse and the Atrocity Theatre, war eng lëtzebuergesch Synth Rock-Band, déi vun 1990 bis 1996 aktiv war.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Band gouf als Punk-orientéiert Gittarecombo mat Drummaschinn a Gesang 1990 vum Alan "Agent" Orange, biergerlech Alain Lorang, als Dr. Abuse and the Atrocity Theatre zu Bréissel gegrënnt. Mat him um Gesang hunn nach de Jean Biver op der elektrescher Bassgittar an de Mickey Hardt op der Gittar gespillt. Se goufe vun enger Yamaha RX 8 Rhytmusmaschinn déi den Alan Orange programméiert huet, begleet. De Mickey Hardt huet kuerz drop eng international Modelkarriär ugefaangen an ass haut Schauspiller.

No sporadeschen Optrëtter zu Bréissel ass den Alan Orange 1991 erëm op Lëtzebuerg komm an huet mam Véronik (biergerlech Véronique Faber) an dem Andrej Schieferstruktur (biergerlech Walter Andreosso) d'Band Dr. Abuse nei gegrënnt. Dës Kéier elektronesch orientéiert huet d'Band am September 1993 hiren eenzegen Album "Brandnew Future" am Club Melusina an der Stad Lëtzebuerg virgestallt. D'national Press wousst net vill mam Album unzefänken, den Télécran huet vun enger Mëschung aus Kraftwerk an Sisters of Mercy geschwat, d'Wort huet d'Wuerzelen iergendwou tëscht Bela Bartok an Depeche Mode gesinn. Den Album ass ënner dem däitsche Label Rockwerk erauskomm a gouf vum André Mergenthaler ënner dem Pseudonym Master Aut ofgemëscht.

Dem Luke Haas sengem Rocklexikon no haten Dr. Abuse nach en zweeten Album virgesinn, aus deem awer ni eppes gouf, engersäits wéinst der Gebuert vum Véronique sengem Jong an anerersäits wéinst dem Andrej sengem Depart an d'Ausland.

Am Joer 2020 huet den Alain Lorang ënnert dem Pseudonym Doctor Abuse nach eng Kéier eng nei Single erausbruecht, déi hie mat befrënnte Museker produzéiert huet. "The Plague", eng Hymn iwwert d'Coronapandemie gouf aleng op Spotify ca. 60.000-mol gestreamt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: Brandnew Future:
01. Budayin 5:36
02. The Rumour 4:29
03. Twilight Zone 4:17
04. Robocop 3:47
05. Sad Song 3:55
06. You Make Me Feel So Good 4:10
07. Got Nothing to Say 4:35
08. Peter Ibbetson 3:22
09. America (Strange Mixture Puzzled Brighter) 4:53
10. Afterhours 3:51
  • 2020: The Plague (Single) als "Doctor Abuse"