Dr.gonZo

Vu Wikipedia

Den dr.gonZo, (gebuer Christophe Cherel) ass e Lëtzebuerger DJ.

Säi Museksstil ass Groovy Minimal House Techno.

Hien huet am Joer 1990 ugefaange mat Placken opzeleeën, an dëst virun allem op private Soiréen.

Haut ass den dr.gonZo aus der Lëtzebuerger Techno-Zeen guer net méi ewech ze denken a begeeschtert d'Partygänger.

Als DJ vun der lëtzebuergescher Organisatioun ODD-Evenz, trëtt hien haut ënner anerem a bekannte Clibb an Discoen, wéi z. B. dem Flying Dutchman zu Beefort, dem Pulp Club an der Stad, dem Laidnight zu Feelen an op grousse Lëtzebuerger Festivalle wéi z. B. um e-Lake festival zu Iechternach an ëmmer méi am Ausland op.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]