Dracula

Vu Wikipedia
Dracula
Createur Bram Stoker
Ass en(g) literaresch Figur, Filmfigur, Televisiounsfigur, animéiert Figur
Geschlecht männlech
Gestuerwen 1890er
Rumänien
Doudesursaach Käppen
Aktivitéit Alchimist, Zaldot, Staatsmann, Zauberer
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz, wäiss
Aefaarf rout
Universum
Present am Dracula

De Grof Dracula ass eng literaresch Figur, déi duerch dem Bram Stoker säi Roman mam selwechten Numm vun 1897 bekannt gouf. Et handelt sech dobäi ëm e Vampir, dee sech vum Blutt vun de Mënschen erniert, déi dann hirersäits Vampire ginn.

Den Numm Dracula inspiréiert sech um Vlad III. Drăculea (1431-1476), engem Fierscht a Siwebiergen, dee seng Géigner gär péile gelooss huet an dofir de Bäinumm Ţepeş (de Péiler) krut.

De Personnage vum Dracula ass an Dosene vu Filmer ëmmer nees zum Liewen erwächt ginn.