Dragon Ball

Vu Wikipedia

Dragon Ball (op Japanesch ドラゴンボール Doragon Bōru), och ënnert dem Numm Dragonball bekannt, ass eng international erfollegräich Manga-Serie vum japanesche Mangakazeechner Akira Toriyama, déi zanter 1984 gezeechent gëtt a bis 1995 am Anime-Magasin Weekly Shönen Jump publizéiert gouf. Dragon Ball Franchise besteet mëttlerweil aus 4 Anime-Serien, 18 Kinofilmer a ville Videospiller. An Europa ass dëse Manga duerch d'Diffusioun vun der Anime-Serie am Club Dorothée op TF1 an den 1980er an 90er Joren, richteg bekannt ginn. Mat 156 Millioune verkaaften Exemplaren a Japan an 230 Millioune verkaaften Exemplare weltwäit ass Dragon Ball no One Piece deen zweet meescht verkaafte Manga vun allen Zäiten.

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

De Manga Dragon Ball beschreift d'Aventüre vum klenge San-Goku, dee sech zesumme mat senge Kolleegen op d'Sich no den Dragon Balls[1] mécht. Déi ganz Geschicht spillt an enger fiktionaler Welt. Am éischte Band léiere mir de jonke San Goku kennen, deen amgangen ass Holz mat sengen Hänn kléng ze schloen. Hien huet en Afeschwanz an ass offesiichtlech vill méi staark wéi aner Jongen a sengem Alter. Nom Doud vu sengem Adoptiv-Papp lieft hien aleng an der Wildnis an ass och nach kengem anere Mënsch begéint. Iegendwann léiert hien d' Bulma kennen, wat a senger Fräizäit no den Dragon Balls sicht. De San Goku huet och eng vun desen Draachebullen, mee hie wëll dem Bulma se awer net hannerloossen. Also beschléisse si zesummen op d'Sich no de Dragon Ball ze goen. Allerdéngs sinn och nach aner Leit hannert den Dragon Ball. De Yamcha, e Wüstebanditt a sengem Begleeder de Kueder Pool an dem béisaartege Prënz Pilaf. Alleguerten hu se nëmmen ee Wonsch: mat de Draachebulle wëlle si de groussen Draach Shenlong beschwieren, fir datt hien hinnen e Wonsch erfëllt. D' Bulma wënscht sech e feste Frënd, de Yamcha wëll endlech seng Angscht viru Fraen iwwerwannen an de Pilaf wéilt gär d'Weltherrschaft u sech räissen.

Spéider reesst de San Goku op d'Deckelsmoukeninsel wou hien dem Meeschter vun den Deckelsmouke begéint, de Muten Roshi . Dësen alen Här ass e Groussmeeschter a verschiddene Kampfsportaarten a soll dem San Goku an dem Kuirin säi Wëssen a säi Kënne vermëttelen. Op der Insel léiert hien awer och d'Schwäin Oolong kennen, dee spéiderhin eng wichteg Roll soll spillen.

De Prënz Pilaf beduckst de San Goku a seng Frënn a stibitzt hinnen hir Draachebullen a beschwiert den Draach Shenlong. Den Ooolong verhënnert allerdéngs, datt de Pilaf säi Wonsch äussere kann, andeems hie sech eng ënnescht Box wënscht. Nodeems de Wonsch erfëllt ginn ass, verschwënnt de Shenlong an déi 7 Dragon Balls ginn uechter d'Welt zerstreet an déi ganz Sich geet vu vir un.

Op senge weideren Aventüre begéint de San Goku awer och nach aneren Kreaturen, déi spéider an der Geschicht eng grouss Roll wärte spillen. Eng vun de Kreaturen ass de Piccolo, en Namekianer, deen och sech déi 7 Draachebullen och ënner den Nol räisse wëll. Bei engem grousse Kampfturnéier treffen déi zwee Kontrahenten an der Final openeen. San Goku gewënnt des Finall an domat och dat grousst Turnéier.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Scott McCloud - Understanding Comics: the invisible art ISBN 978-0-06-097625-5

Miriam Brunner - Manga ISBN 978-3-8252-3330-3

Jan Baetens, Hugo Frey - The Graphic Novel: An Introduction ISBN 978-1-107-65576-8

Stephan Ditschke,Katerina Kroucheva, Daniel Stein - Comics: Zur Geschichte und Theorie eines populärkulturellen Mediums ISBN 978-3-8376-1119-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

http://dragonball.wikia.com/wiki/Main_Page

https://web.archive.org/web/20190215071832/https://dragonballwiki.de/wiki/Hauptseite

https://www.viz.com/dragon-ball

https://web.archive.org/web/20200821091931/https://dragonball.news/

Umierkungen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Si gi vum Bulma Dragon Balls oder Draachebulle genannt.Dragon Ball Band 1: d'Geheimnis vun den Draachebullen, S. 19-20