Drogo vun der Champagne
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Drogo(n) (* géint 670; † 708, begruewen an der Kierch St. Arnoul zu Metz) war e Jong vum Pippin de Mëttelsten an der Plektrudis an Urenkel vum Arnulf vu Metz, an och en Hallefbrudder vum Karl Martell. Säi Papp huet en zum Dux (Herzog) vun der Champagne gemaach (no 695), méi spéit, ëm 697, zum Dux vun der Bourgogne.
Hie war bestuet mat der Anstrudis, der Duechter vum Hausmeier Waratto an der Ansfeld, der Witfra vum Hausmeier Berchar, mat där e véier Jongen hat:
- den Arnulf († no 723), 715 Dux
- den Hugo († 730), 715 zum Paschtouer geweit, Bëschof vu Paräis, Bëschof vu Rouen, Bëschof vu Bayeux an Abt vu Jumièges
- de Pippin
- de Gottfried
Literatur [änneren]
- Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, Kohlhammer Urban Verlag, Stuttgart, 2000, S. 36,38