Droit pénal spécial (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Droit pénal spécial ass d'Ausernanersetzen mat Infraktiounen.

De Lëtzebuerger Code pénal huet a sengem Buch 2 eng Lëscht vun 10 Kapitele mat Infraktiounen déi zu Lëtzebuerg strofbar sinn.

Kategorië vun Infraktiounen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Verbrieche géint d'Staatssécherheet[änneren | Quelltext änneren]

  • Attentater oder Komplotter géint de Groussherzog, d'groussherzoglech Famill oder géint d'Form vun der Regierung.
  • Attentater op Persounen déi internationale Schutz genéissen.
  • Verbrieche géint déi baussenzeg Staatssécherheet.
  • Verbrieche géint déi bannenzeg Staatssécherheet.

Verbriechen an Delikter géint d'Rechter déi an der Constitutioun garantéiert sinn.[änneren | Quelltext änneren]

  • Delikter déi d'Ausübe vun engem senge politesche Rechter verhënneren.
  • Delikter géint d'Reliounsfräiheet.
  • Verbriechen an Delikter déi e Beamten oder Fonctionnaire vum Staat géint déi konstitutionell geschützt Rechter verübt.

Verbrieche géint den ëffentleche Glawen[änneren | Quelltext änneren]

  • Produzéire vu Falschgeld.
  • Fälsche vu Wäertpabéieren, Titren a soss Pabéieren.
  • Fälschen an Nomache vun Timberen, Sigel,...
  • Ausstelle vu falschen Dokumenter, mam Hannergedanken engem ze schueden.
  • Fälsche vun ëffetlechen Dokumenter.
  • Fälsche vun telegrapheschen Depeschen.
  • Falschaussoen a Falschaussoen ënner Eed.
  • Virtäusche vun enger Amtsmuecht. (Op Däitsch Amtsanmassung)

Verbriechen an Delikter vun Autoritéitspersoune géint déi ëffentlech Uerdnung[änneren | Quelltext änneren]

  • Illegaalt Zesummenschaffe vu Fonctionnairen.
  • Iwwerschreide vun hire Kompetenzen duerch Fonctionnairen a Riichter.
  • Verbriechen an Delikter am Zesummenhang mat dem Ausnotze vun enger Amtspositioun fir sech perséinlech ze beräicheren an/oder dem Zerstéiere vun Dokumenter am Zesummenhang mat sou enger Strofdot.
  • Mëssbrauch vun enger Autoritéitspositioun (Op Däitsch Amtsmissbrauch)
  • Ausübe vun enger Autoritéitspositioun iert ee se huet, oder nodeem s'op en Enn gaangen ass.
  • Delikter am Zesummenhang mam Etat civil.
  • Infraktioune vu reliéisen Autoritéitspersounen.

Verbriechen an Delikter vun Net-Autoritéitspersoune géint déi ëffentlech Uerdnung[änneren | Quelltext änneren]

  • Rebelliounen an Opstänn.
  • Gewalt a Beleidegung géint Ministeren, Membere vun der Chamber oder d'Staatsmuecht.
  • Onerlaabt Brieche vun engem Sigel.
  • Onerlaabt Verhënnere vun ëffentlechen Aarbechten.
  • Verbriechen an Delikter vu Fournisseure vun ëffentlechen Institutiounen (ë. a. d'Arméi).
  • Schreiwen a Publizéieren, ouni den Numm vum Auteur an/oder dem Responsabelen unzeginn.
  • Infraktiounen am Zesummenhang mat de Loterien, Gléckspill an dem Verléine vu Sue géint e Pand, déi keng ministeriell Autorisatioun hunn.
  • Infraktiounen am Zesummenhang mat der Industrie, dem Handel an den ëffentleche Steeën.
  • Verschidden aner Infraktiounen, ënner anerem falschen Alarm ausléisen.

Verbriechen an Delikter géint d'ëffentlech Sécherheet[änneren | Quelltext änneren]

  • Schléisse vu kriminellen Organisatiounen a Kollaboratioun mam Zil anere Mënsche kierperleche Schued unzedoen oder hiert Eegentum ze degradéieren oder ewechzehuelen.
  • Attentatsdrohungen oder Offere verschidde Verbriechen ze maachen.
  • Ausbroch vu Gefaangen.
  • Hehlerei.
  • Delikter géint déi ëffentlech Sécherheet déi vu Strummerten an Heescheleit gemaach ginn.

Verbriechen an Delikter géint d'Uerdnung an der Famill a géint d'ëffentlech Moral[änneren | Quelltext änneren]

  • Ofdreiwung.
  • Kanner aussetzen an zeréckloossen.
  • Verbriechen an Delikter déi den Etat civil vun engem Kand zerstéieren.
  • Entféiere vun engem Kand.
  • "Attentat à la pudeur" a Vergewaltegung.
  • Zuhälterei.
  • Mënschenhandel.
  • Frevleresch Handlunge géint déi ëffentlech Moral.
  • Bigamie.
  • Am Stachloosse vun der Famill a falsch Onfäegkeet fir ze Bezuelen.

Verbriechen an Delikter géint Persounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Fräiwëllegen Doudschlag a Kierperverletzung.
  • Onfräiwellegen Doudschlag a Kierperverletzung.
  • En Duell fuerderen an en Duell unhuelen.
  • Verletzung vun der Fräiheet vum Eenzelen a vum Doheem.
  • Geiselen huelen.
  • Obsessiv Belästegung (Stalking).
  • Verletzung vun der Wierd vun engem Mënsch oder vu sengem Ruff.
  • Verbriechen an Delikter déi duerch Rassismuss, de Wëllen de politesche System z'änneren, oder soss Diskriminatioune motivéiert sinn.
  • Verbuet fir gewësse Beruffsgruppe fir iwwer hir Handlungen ze schwätzen.(Affekoten, Dokteren,...) D'Bankgeheimnis ass eng Ofleedung dovun.

Verbriechen an Delikter géint d'Eegentum[änneren | Quelltext änneren]

  • Klauen an Erpressung.
  • Bedruch.
  • Zerstéieren, degradéieren a beschiedege vu friemem Eegentum.

Verstéiss[änneren | Quelltext änneren]

  • Verstéiss vun der éischter Klass.
  • Verstéiss vun der zweeter Klass.
  • Verstéiss vun der drëtter Klass.
  • Verstéiss vun der véierter Klass.