Drumset

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En Drum Set och nach Drum Kit, op Lëtzebuergesch och Batterie genannt, ass en Ensembel vu Perkussiounsinstrumenter, dat aus verschiddenen Trommen an Cymbalen besteet.

Drumsets kommen an zimlech alle Museksstiler vir, wéi beim Orchester, Jazz, Rock, Metal, asw. a gi mat klenge Bengelen, den Drumsticks, respektiv mam Fouss gespillt.

Snare Drum[änneren | Quelltext änneren]

D'Snare Drum, op Lëtzebuergesch kleng Tromm genannt, ass den Haaptdeel a soumat feste Bestanddeel vun enger Batterie. D'kleng Tromm steet direkt virum Spiller a gëtt mat den Drumsticks gespillt. D'Snare Drum gëtt en hellen Toun vu sech.

Bass Drum[änneren | Quelltext änneren]

Déi Tromm och déck Tromm genannt, ass de gréisste Bestanddeel vun enger Batterie. Si steet quasi um Buedem, ass awer op béide Säiten ofgestäipt. Si gëtt mam enger Fousspedal gespillt, woubei en Hummer widder d'Tromm schleit. D'Bass Drum gëtt e ganz déiwen Toun vu sech. Si gëtt bei quasi all Beat gebraucht.

Tom-Tom[änneren | Quelltext änneren]

Dat sinn Ergänzunge fir eng Batterie. Meeschtens sinn et der dräi, den High Tom, de Mid Tom an de Low Tom. Et si ganz normal Trommen, dei ronderëm d'Snare Drum placéiert sinn, meeschtens hirem Klang no. Also ass d'High Tom hanner der Snare Drum, steet awer mei héich fir datt se licht erreechbar ass. D'Mi Tom steet riets nieft der High Tom an d'Low Tom steet riets nieft der Snare Drum. Si as déi greisst Tromm, dei mam Drumstick gespillt gëtt, a steet quasi ëmmer op derselwechter Plaz.

Hi-hat an Cymbalen[änneren | Quelltext änneren]

En anere wichtegen Deel vun der Batterie sinn d'Cymbalen oder d'Becken. Et ass eng Zort Jummdeckelen a stinn an engem Hallefkrees ronderëm all d'Trommen, a sinn op separate Gerëschter festgemaach. Si gi mam Drumstick ugeschloen a ginn, ofhängeg vun der Festegkeet an der Häert vum Drumstick e ganz grellen Toun vu sech, well s'aus Metall sinn. Lénks vum Spiller, also nieft der klenger Tromm, steet en Hi-Hat. Dat ass eng ganz villsäiteg Cymbal. Eigentlech sinn et zwou Cymbalen, dei iwwereneen un enger Kette festgemaach sinn. Déi Kette geet weider un eng Fousspedal, déi sou funktionéiert wei déi vun der Basstromm. Den Hi-Hat kann also mam Fouss, mam Drumstick oder mat alle zwee gespillt ginn.

  • Fouss (w/Foot)= déi zwou Cymbale gi widderenee gedréckt, an et entsteet e Klang, deen direkt gedämpft gëtt.
  • Drumstick (w/Open)= Normal Cymbal
  • Fouss + Drumstick (w/Closed) = Déi zwou Cymbale leie widdereneen a ginn dann ugeschlo wéi eng normal Cymbal. Well déi zwéin Deckelen awer net ganz platt sinn, existéiert en Huelraum, an de "Closed Hi-Hat" gëtt dompen Toun dee vibréiert, vu sech.

Normalerweis sinn an enger Batterie dräi Cymbalen an een Hi-Hat.

Nouten[änneren | Quelltext änneren]

D'Nouten fir en Drumset sinn an normale Noutereien ofgebilt. Hir Käpp si wéi déi normal Nouten, bei Cymbalen kommen allerdéngs meeschtens Kräizer vir, bei de Crash Cymbalen ganz oder hallef ëmkreest Kräizer. Beispillsweis ass den Noutewäert FA (tëscht der 1. an der 2. Noutelinn) d'Bass Drum.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Drumset – Biller, Videoen oder Audiodateien