Dubai

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zjednoczone Emiraty Arabskie.PNG Dëse Geographiesartikel iwwer d'Vereenegt Arabesch Emiraten ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dubai (arab. دبي) ass dat zweetgréisst Emirat vun den Vereenegten Arabeschen Emiraten (VAE).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Dubai läit um Persesche Golf op der arabescher Hallefinsel an huet eng Fläch vun 3.885 km². D'Emirat Dubai grenzt am Südwesten un Abu Dhabi, am Nordosten u Schardscha an am Südosten un den Oman.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Dubai huet e Wüsteklima, am Summer gliddeg waarm bis zu 39 Grad Celsius an am Wanter mëll. Ganz d'Joer iwwer fält praktesch guer kee Reen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Nëmmen 30 % vun der Bevëlkerung sinn Emiratis.

Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

D'Amtssproochen zu Dubai sinn Arabesch an Englesch. All ëffentlech Schëlter si meeschtens zweesproocheg.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Staatsrelioun zu Dubai ass den Islam. Awer och all déi aner Glawens- a Reliounsrichtungen ginn do respektéiert.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Dubai ass en Emirat bannent den Vereenegten Arabeschen Emiraten. President ass de Scheich (Sheikh) Zayed bin Sultan Al Nahyan. De Premierminister an och gläichzäitig Herrscher iwwer Dubai ass de Sheik Mohammed bin Rasheed Al Maktoum. Déi zwéin ernennen d'Chamber vum Land, déi aus 24 Ministere besteet. Éier do d'Gesetzer gestëmmt ginn, ginn d'Gesetzesprojeten nach an der Legislativ duerchdiskutéiert. Parteien a Gewerkschafte gëtt et an den Emiraten net.

Kultur a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]


Flag of the United Arab Emirates.svg Vereenegt Arabesch Emiraten Flag of the United Arab Emirates.svg
Adschman | Abu Dhabi | Dubai | Fudschaira | Ras al Chaima | Schardscha | Umm al Kaiwan
Commons: Dubai – Biller, Videoen oder Audiodateien