Duchindustrie zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Duchindustrie)

D'Duchindustrie zu Lëtzebuerg, dat heescht Wiewereien waren an der Zäit e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Hiren Ursprong geet zeréck op dat 19. Joerhonnert, wéi Lëtzebuerg ugefaangen huet sech z'industrialiséieren. Et war d'Famill Godchaux, déi der Duchindustrie zum Duerchbroch verhollef huet. Wéi vill industriell Pionéier zu Lëtzebuerg koume si aus dem Ausland.

Historesch Entwécklung vun der Duch- an Textilindustrie zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

E puer Daten iwwer den Ursprong vun der Duchindustrie:

Aus der Fusioun vun dësen dräi Etablissementer sinn dunn d'Draperies de Luxembourg S.A. entstanen. Si hunn zesummen en Total vun 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft. Si sinn déi Zäit zu de gréisste vun Europa gezielt ginn.

D'Presenz vu Wiewereien huet zum Etablissement vun aneren Textilfabricken am Beräich vun der Konfektioun gefouert, zu Lëtzebuerg an och an der Fiels. An där Branche sinn Entreprisen zu Platen, Uewerpallen an Esch-Sauer ëm 1900 nokomm.

D'Enn vun der Duch- an Textilindustrie[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Entreprise, déi an der Zäit vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun mat Schwieregkeete konfrontéiert ginn ass, war d'Duchfabrick op der Schläif, déi eelst am Land. Si huet 1938 mat der Produktioun missen ophalen. 1939 huet d'Godchaux-Fabrick zu Ettelbréck, wéi se do genannt gouf, och missen ophalen. Am Zweete Weltkrich huet d'Textilindustrie, déi mat der Confectioun vun Uniforme beschäftegt war, sech zwar gutt entwéckelt, mä d'Schwieregkeete koumen duerno, wéi déi traditionell Textilindustrie, wéi iwwerall, an d'Kris geschliddert ass.

Fir d'Lëtzebuerger Textilindustrie, där hir Marchéen zougaange sinn an déi hir Konkurrenzfäegkeet verluer huet, war et eriwwer. Haut erënneren nëmmen nach Stroossennimm, wéi d′rue Godchaux an d′rue des Draperies zu Hamm an de Musée de la draperie zu Esch-Sauer un déi gloräich Zäit vun der Duchindustrie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jeck, Marc: De "simples tisserands" aux "barons du drap": les Godchaux. In: Die Warte - Perspectives. Luxembourg 54 (2003)-17, p. 1. La famille juive Godchaux, originaire de Lorraine et immigrée au Luxembourg vers 1795, a réalisé aux XIXe et XXe siècles le projet à la fois industriel et social d'une grande draperie à Luxembourg-Ville.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]