Duddelsak

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Dudelsak)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Duddelsak ass de wäitverbreeten ëmgangssproochlechen Numm fir all Holzblosinstrument, bei deem d'Loft, déi fir ze spille gebraucht gëtt, aus engem Loftsak an eng Wandkapsel gepresst gëtt. Den eigentleche Begrëff ass Sakpäif.

Duddelsakspiller vun der Dudeldorf Lion Pipes & Drums

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Den Opbau vum Instrument

D'Instrument huet eng "Spillpäif", mat där d'Melodië gespillt ginn, an eng oder e puer "Bourdon"-Päifen, déi en Dauertoun spillen. D'Téin an de Päife ginn duerch en einfacht oder duebelt Rouerblat gemaach, dat sougenannte "Reed", dat aus Plastik oder Bambus ass. De Loftdrock op d'Päife kënnt aus engem Sak, dee vum Spiller mam Mond duerch e Blosrouer oder beim ireschen Duddelsak, dem Uilleann Pipe, duerch e Blosballeg opgeblose gëtt. D'Loftreserve am Loftsak erlaabt et, en Toun ze spillen, deen onafhängeg vum Otem ass.

[änneren] Duddelsak-Zorten

[änneren] Den Duddelsak zu Lëtzebuerg

Déi eenzeg Duddelsakmuseksgrupp zu Lëtzebuerg ass The Luxembourg Pipe Band mat engen 20 Memberen.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Duddelsäck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen