Duebelastrograph

Vu Wikipedia
6"-Duebelastrograph vum Max Wolf, ëm 1890
groussen Duebelastrograph (Bruce-Teleskop) vum Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl

En Duebelastrograph ass e spezielle, liichtstaarken Duebelteleskop fir d'wëssenschaftlech Astrofotografie, dat Enn vum 19. Joerhonnert entwéckelt gouf. Op enger kollektiver equatorialer Montéierung sinn e Leetteleskop mat laanger Brennwäit an zwéi Fototeleskopen (Astrographen) mat kuerzer Brennwäit montéiert.

Ee vun den éischten Duebelastrographen hat de Max Wolf ëm 1890 fir säin Heidelberger Privatobservatoire entwéckelt. Duerch bunnbriechend Entdeckunge vu galaktesche Stëbsniwwelen huet de Wolf et e puer Joer méi spéit fäerdegbruecht, déi amerikanesch Philanthropin Catherine Wolfe Bruce als Sponsorin fir en dräimol méi grousst Instrument fir de Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl ze gewannen. Déi zwou Kameraen hunn eng Ëffnung vu 40 cm an eng Brennwäit vun 2 Meter. En änlecht Instrument hat d'Bruce dem Yerkes-Observatoire an den USA finanzéiert.

Duebelastrographe waren en nëtzlecht Hëllefsmëttel vun der praktescher Astronomie. Si goufe bis an déi 2. Hallschent vum 20. Joerhonnert produzéiert. Dobäi ginn zwou gläichaarteg Kameraen duerch eng parallaktesch Montéierung prezis de Stären nogefouert. Duerch ënnerschiddlecht Ekipement vun den Astrographe mat Faarffilter oder mat engem Prisma virun engem vun den zwee Objektiver kënnen zur sewelchter Zäit Vergläichsfotoe vum selwechten Himmelsgebitt, awer mat ënnerschiddlechen Informatioune gemaach ginn.
Sou kritt ee Fotoe vum selwechten Himmelskierper, déi sech nëmmen an der Faarf ënnerscheeden oder eng normal Foto an eng, op där d'Stären zu engem Spektrum auserneegezu goufen. Et ass och méiglech, eng vun de Fotoplacke relativ zum ganzen Instrument ze beweegen. Mat där Method kritt een eng normal Foto vun enger bestëmmter Himmelsgéigend, op där e Koméit oder Planetoid als Stréchspuer duergestallt gëtt an eng zweet Foto, op deem déi Objete schaarf fotograféiert ginn an d'Stären, als Strécher. Zanter den Ufänk vun der Astrofotografie déngen déi zweet Placken och fir d'Bestätegung, fir net Plackefeeler oder Liichtreflexer als neientdeckt Himmelskierper falsch z'interpretéieren.

Duebelastrographe ware bis an d'1970er-Jore wäit verbreet, hunn awer haut duerch déi kuerz Beliichtungszäite vun CCD-Sensoren an duerch d'Weltraumteleskopen u Bedeitung ofgeholl. Bekannt Hierstellerfirmen an Europa waren ë. a. Zeiss an Askania.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie