Duelem (Réimech)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Duelem
An anere
Sproochen:
fr: Dalheim
de: Dalheim
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Réimech
Gemeng: Coat of arms dalheim luxbrg.png Duelem
Buergermeeschter: Joseph Heisbourg
Koordinaten: 49° 32' 29" N
06° 15' 28" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Duelem ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réimech, an Haaptuert vun der Gemeng mat demselwechten Numm.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

Gemeng zu Duelem

Laanscht Duelem féiert Dräikantonstrooss tëscht den Uertschafte Bus a Fëlschdref.

D'Uertschaft läit am Dall vun der Schleebaach.

[änneren] Geschicht

[änneren] D'Réimerduerf

Nodeems op Loftbiller vun Duelem aus dem Joer 1976 Iwwerreschter vun enger antiker Siidlung entdeckt goufen, hunn 1977 déi éischt Ausgruewungen ugefaangen, an et gouf e ganzt Duerf fonnt. Et handelt sech dobäi ëm eng Tëschestatioun un der Réimerstrooss vun Tréier op Metz, wou d'Reesender an hir Päerd eng Paus aleeë konnten oder d'Päerd konnte getosch ginn. Et gouf och e Koup Statuen an Tounmaterial fonnt, wouvun der haut e puer am Louvre zu Paräis ausgestallt sinn.

[änneren] Den Amphitheater

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gallo-réimeschen Theater vun Duelem Nuvola apps xmag.png

Bei den Terrassementsaarbechte fir e Stall vun engem Duelemer Bauer südlech vum Vicus goufen 1986 d'Iwwerreschter vun engem Amphitheater fonnt, dee Plaz fir ca. 4000 Leit gebueden huet. Haut kann ee genee erkenne wéi den Theater deemols ausgesinn huet. An der direkter Ëmgeigend goufen nach aner Bauwierker fonnt, z.B. d'Reschter vun engem Haus vun engem Bierger, dat fir den Theater huet missen ofgerappt ginn. E Problem hat dat Ganzt awer mat sech bruecht, an zwar datt genau an der Mëtt vum Theater eng Strooss gebaut gouf, ënner där d'Waasserversuergung vun Duelem leeft.

[änneren] D'Griewer an d'Tempelen

An de Joren 1982-1998 goufen zu Duelem och nach Iwwerreschter vu réimesche Griewer a vun engem Tempel fonnt.

[änneren] D'Réimermounument "Den Adler"

Den Adler vun Duelem

Tëscht dem Theater an dem Vicus gouf e Réimermonument, "Den Adler" genannt, opgeriicht. Et ass eng héich Sail, op där en Adler sëtzt, deem säi Kierper an Richtung Vicus, an de Kapp a Richtung Metz (Réimerstrooss) kuckt. D'Monument gouf grad sou wei d'Kierch zu Duelem am Zweete Weltkrich bombardéiert, an et gouf eréischt 1957 erëm opgeriicht.

[änneren] Dokumentatiounszentrum

De 5. Juni 2010 huet um archeologesche Site op der Säit vum gallo-réimeschen Theater en Dokumentatiounszentrum seng Dieren opgemaach, wou ë.a. Pancarten iwwert d'Liewen am antike Ricciacum, mat engem Vicus, enger Nekropol, engem Tempel, engem Theater an Thermen, infortméieren. [1]

[änneren] Kuckeswäertes

[änneren] Literatur

Victor Loos, Duelem - Band 1 - "Eis Kiirch", Conseil de la Fabrique d'Eglise de Dalheim, Duelem, 1993

Robert Vandivinit, Gust Linden, Sandy Linden, Aloyse Estgen, Victor Loos, "Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem", Fanfare Gemeng Duelem, ISBN 2879969441

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Historesch Biller

[änneren] Referenzen

  1. "Duelem: Ricciacus-Info-Zenter goung de Samschdeg, 5. Juni op." rtl.lu, 03.06.2010, 00:10 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2010, 08:29.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen