Duerchflosswandler

Vu Wikipedia
Prinzipschaltung vun engem Duerchflosswandler

E Duerchflosswandler gëtt fir d'Iwwerdroe vun elektrescher Energie benotzt a gehéiert zu der Famill vun de Schaltnetzdeeler. De Duerchflosswandler ass e Gläichspannungswandler (DC-DC-Converter). Seng Virdeeler leie, wéi bei alle Schaltnetzdeeler, bei der Produktioun vun enger konstanter Ausgangsspannung, déi een, wéi ee wëllt, erop- oder eroftransforméiere kann. Anescht wéi beim Spärwandler, gëtt d'Energie wärend der Leetphas vum Schalttransistor an de (sekundäre) Laaschtkrees iwwerdroen.

Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

Bild 1 - Leetphas vum Duerchflosswandler
Bild 2 - Spärphase vum Duerchflosswandler

Leetphas vum Schalttransistor[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der Leedphas vum Schalttransistor fléisst e Stoum duerch d'Spull. D'Spull späichert wärend dëser Zäit déi magnéitesch Energie. De Kondensator C gëtt opgelueden an en Deel vum Stroum fléisst weider duerch de Laaschtwidderstand.

Spärphas vum Schalttransistor[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der Spärphas vum Schalttransistor baut sech d'Magnéitfeld vun der Spull kontinuéierlech of, well de Spullestroum net ruckaarteg Null ka ginn. Duerch d'Géigeninduktioun entsteet an der Spull eng Spannung mat ëmgedréinter Polaritéit (Lenzsche Reegel). D'Spull wierkt wéi en Energiespäicher. D'Spullespannung huet elo déi a Bild 2 agezeechend Richtung a wierkt als Spannungsquell. D'Diod D gëtt leedent an duerch de Laaschtwidderstand fléisst Stroum an der selwechter Richtung wéi wärend der Leetphas vum Schalttransistor. D'Spull gëtt elo hir Energie un de Laaschtwidderstand of.

Een-Takt-Duerchflosswandler[änneren | Quelltext änneren]

Laaschtännerunge ginn beim Duerchflosswandler (genee wéi beim Spärwandler) duerch d'Ännerung vum Taaschverhältnis un der Schaltfrequenz ausgeglach. E Nodeel beim Duerschflosswandler, wéi en uewe beschriwwen ass, ass déi feelend galvanesch Trennung. Mat engem zousätzlechen Iwwerdroer kann déi Schaltung zu engem Een-Takt-Duerchflosswandler erweidert ginn. Fir datt de Transformator wärend der Spärphas entmagnetiséiert ka ginn, ass eng zousätzlech Wécklung mat enger Fräilaafdiod D3 noutwenneg.