Duerchgank (Astronomie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Duerchgank vum Äerdmound virun der Sonn, 2007 vum Satellit STEREO B aus gesinn

Een Duerchgank och Passage genannt, ass eng astronomesch Konstellatioun:

  • Allgemeng d'Zesummentreffen vun zwéi Himmelskierper, z. B. d'Perihelzäit – den Zäitpunkt tëscht zwéi Perihel-Passagen, oder den Duerchgank vum Äerdmound duerch d'Meridianebene.

Speziell als Transit bezeechent ginn folgend Duerchgänk:

  • De Meridianduerchgank: Een Objet kräizt de Meridian (d'Südrichtung vum Observatiounspunkt. Bei konstanter Deklinatioun erreecht et dann déi gréisst Héicht iwwer dem Horizont, am annere Fall net. Kuckt dozou den Artikel: Kulminatioun.
  • Den Transit vun zwéi Himmelskierper oder déi deelweis Bedeckung, déi an desem Artikel speziell behandelt gëtt.

Transit vun zwéin Himmelskierper[änneren | Quelltext änneren]

Venusduerchgank vum 6. Dezember 1882

Ee klengen Himmelskierper zitt virun engem méi grousse laanscht a bedeckt hien dobäi deelweis.

„Kleng“ a „méi grouss“ bezéie sech dobäi op déi visuell Gréisst. Bei enger totaler Bedeckung, schwätzt ee vun enger Okkultatioun.

Den Transit ass e spezielle Fall vun der Konjunktioun.

Dobäi si folgend Konstellatioune méiglech:

Umierkung: Eng Sonnendäischtert gëtt net als Transit, mä als spezielle Fall vun der Okkultatioun bezeechent.

Zäitpunkt an Dauer vun engem Duerchgank ass ofhängeg vun der Observatiounspositioun.

Duerchgäng vu kënschtlechen Äerdsatelliten[änneren | Quelltext änneren]

Och kënschtlech Äerdsatelliten kënnen an d'Siichtlinn tëscht engem Observateur op der Äerd an der Sonn oder dem Mound geroden. Allerdéngs si sou Situatioune schwéier z'observéieren, well d'Siichtsträif nëmmen e puer Kilometer breet ass. Zudeem wandert de Satellit meeschtens nëmmen 0,5–2 Sekonne virun der Sonn laanscht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marco Peuschel: Konjunktionen, Bedeckungen und Transits – Das kleine Almanach der Planeten. 1. Auflage. Engelsdorfer Verlag, Leipzig 2006, ISBN 3-939144-66-5 (siehe Weblink unten)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]