Duerchmiesser

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi rout Linn weist den Duerchmiesser un

Den Duerchmiesser (griich. Diameter) ass d'Distanz tëscht de Schnëttpunkte vun engem Krees mat enger riichter Linn, déi den Zentrum schneit. Den Duerchmiesser vun enger Kugel ergëtt sech, wann dës vun enger riichter Linn duerch de Kugelzentrum geschnidde gëtt. D'Hallschent vum Duerchmiesser gëtt Radius genannt. Mam Duerchmiesser ass net de Querschnëtt gemengt. D'Verhältnes Ëmfank (U) vun engem Krees zum Duerchmiesser ass d'Kreeszuel \pi.

Aus der Formel fir den Ëmfank vun engem Krees:

  U = 2 \cdot \pi \cdot r = d \cdot \pi

léisst sech d'Formel fir den Duerchmiesser (d) vun engem Krees ofleeden:

 d = \frac{U}{\pi} = 2 \cdot r

An der Metallveraarbechtung kann zum Beispiel den Duerchmiesser vun enger Buerung oder vun engem Bolze mat deem gëeegente Moossapparat, wéi Pied à coulisse oder Mikrometerschrauf gemooss ginn. Den Duerchmiesser entsprécht dobäi der gréisste Mooss, déi rechtwénkleg zur Buerungsachs gemooss gëtt.

Bei techneschen Zeechnunge gëtt d'Symbol fir den Duerchmiesser ø nëmmen da gebraucht, wann d'Kreesform net direkt erkennbar ass, z. B. bei Schnëttduerstellungen oder Duerchgankslächer. An der Mathematik bedeit dëst Symbol Duerchschnëtt, an net Duerchmiesser.

Kugelduerchmiesser ginn och bei Sonnen, Planéiten oder Mounden ugewandt, déi eng Kugel duerstellen.