Dullemajik (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dullemajik (Grupp))
Foto gewënscht

Wann Dir eng selwer gemaache Foto vun dëser Persoun oder vun dësem Objet hutt, déi Dir wëllt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir s'eropzelueden

Dullemajik ass eng lëtzebuergesch Folk-Grupp déi 1975 ronderëm de Gittarist a Sänger Guy Schons gegrënnt ginn ass. Eng zweet wichteg Figur am Grupp war de Flutist Marion Michels. Obwuel datt dëse Kär vum Grupp ëmmer nees mateneen opgetratt ass, sinn och dacks aner Museker dobäi.

Haaptuleies bei der Grënnung vun der Grupp war deemools déi Lëtzebuerger Volleksmusek nees an Erënnerung ze bréngen. Mat hirer Manéier al Lëtzebuerger Lidder an awer och nei Kompositiounen ze presentéieren, hu si ganz vill Androck hannerloss an en neit Bewosstsi fir déi lëtzebuergesch Kultur bei deene jonke Generatioune geschaf.

Den Numm Dullemajik bezitt sech op d'Museksinstrument mam selwechten Numm.

Museker, déi bei der Dullemajik sinn oder waren (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Guy Schons, Gittar, Dullemajik a Gesank
  • René Wiroth, Gei
  • Josée Dostert, Flütt
  • Chris Birch, Gei
  • Marion Michels, Flütten a Gesank
  • Fernande Kimmel, Gesang
  • Stefano Evangelista, Akkordeon
  • Michel Deru, Duddelsak
  • Michel Pêcheur, Akkordeon
  • Maurizio Spiridigliozzi, Akkordeon
  • Vincent Soubeyran, Gei, Nyckelharpa (Schlësselharf)
  • Carine Ernens, Diatoneschen Akkordeon
  • Lisa Berg, Cello
  • Martina Menichetti, Flütt
  • Nadine de Lorenzi-Bissen, Flütt, Klarinett, Gesang
  • Servane Le Moller, Akkordeon

LP Vinyl-Plakken[änneren | Quelltext änneren]

  • 1976 Lëtzebuerger Volleksmusek
  • 1980 O wär ech dach am Grengewald
  • 1984 Hutschel mat der Butschel. Erotische Volkslieder aus Luxemburg
  • 1986 Trili! Chansons und Satiren, Studenten- und Arbeiterlieder aus Luxemburg

Kompilatiounen:

  • 1979 Contr'Eurovision 79. Vol. 1. Bruxelles
  • 1979 Dem Fiischen säi Fest

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992 Di schéinste Lidder
  • 1995 20 Joer Dullemajik
  • 2001 European Folk Songs & Dances
  • 2003 Dullemajik "live"
  • 2005 Schons erëm!
  • 2007 Dat bescht!
  • 2009 Häss de Flilléken!

Kompilatiounen

  • 1999 Mussik, Sprooch un Wein. Saar-Lor-Lux-Mosel-Tour 99. SWR Stuttgart
  • 2009 Unity in Diversity. A celebration of the musics of Asia and Europe. Asia-Europe Foundation

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Carmen Heyar, 2006. "30 Joer Dullemajik" d'Lëtzebuerger Land, Nr. 1, 2006 (6.1.2006.).