Dullemajik (Instrument)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dullemajik | |
|---|---|
| Eng Dréileier | |
| Klassifikatioun | Chordophon Sträichinstrument |
| Klangbeispill | |
| Ähnlech Instrumenter | Leier |
| Museker | |
| Guy Schons | |
Dullemajik ass e vereelzte lëtzebuergeschen Numm fir eng Dréileier oder Radleier, e Musekinstrument.
Et ass e Sträichinstrument, bei deem e puer Säiten zur selwechter Zäit vun engem hëlzene Rad gestrach ginn, dat am Korpus agebaut ass, an dat duerch eng Kierb gedréint gëtt. D'Form vum Korpus ka ganz verschidde sinn.
[änneren] Den Numm
Den Numm Dréileier kënnt aus dem mëttelhéichdäitsche lire, dem alhéichdäitsche lira.
D' Luxemburger Wörterbuch ernimmt d'Wuert Dullemajhik (Betounung op der leschter Silb!) eréischt am Band V Nachträge und Berichtigungen vun 1977.
Eng Folk-Grupp ëm de Guy Schons nennt sech Dullemajik.
[änneren] An anere Sproochen
- (fr) la vielle (à roue)
- (en) hurdy gurdy
- (it) lira tedesca
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Hurdy Gurdy – Biller, Videoen oder Audiodateien |