Dummeldenger Schlass

Vu Wikipedia
Dummeldenger Schlass
D'Dummeldenger Schlass (2014)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Dummeldeng
Koordinaten 49°38'12"N, 6°8'39"O
D'Zitadell vun Dummeldeng. Zeechnung vum Nicolas Liez, ëm 1834.

D'Dummeldenger Schlass ass 1777 vum Charles Joseph Collart zesumme mat der Dummeldenger Schmelz kaaft ginn. Och nodeem d'Schmelz 1857 definitiv zougemaach gouf, huet d'Famill Collart weider am Schlass gewunnt. D'Schlass ass 1869-1870 no Pläng vum Distriktsingenieur Antoine Hartmann renovéiert an erweidert ginn. Ënner anerem déi spatz Tierm koumen deemools bäi.

D'Nokomme vun der Famill Collart hu weider am Schlass gelieft, mä den Ënnerhalt gouf mat all dem Beréng ëmmer méi schwiereg ze finanzéieren. Den Auguste Joseph Alphonse Robert, genannt „Boy“ Collart huet d'Schlass vu sengem Papp Jules Collart geierft. Säi Fils Charles-Hubert Collart war de leschte Schlasshär.

Vun 1969 u goufen op den Terrainen, déi zum Schlass gehéiert hunn, vun engem private Bau-Promoteur Haiser an Appartementshaiser gebaut. Et war virgesinn, datt Büroen an d'Schlass selwer kéimen.

Et gouf zwar vill do gebaut, mä d'Schlass an déi direkt Dependancen huet den Hubert Collart 1973 fir 10,5 Millioune Frang der Stad Lëtzebuerg verkaaft.

De Park an d'Weieren hannert dem Schlass si fräi zougänglech.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Collarts Park (Dummeldeng).

Haut ass déi Chineesesch Ambassade am Schlass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich, Evy, 1973. Das Collart-Schloss in Stadtbesitz. Revue, Année 13, Nr. 50: 36-38.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dummeldenger Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien