Duxall
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Duxall an der Walcourt Kierch (Belsch)
Den Duxall, d'Méizuel "Duxäll", ass an enger Kierch eng Zort Plattform, déi méi héich ubruecht ass.
Meeschtens ass den Duxall iwwer d'Entréespaart gebaut. Aus akusteschen oder aus Plazgrënn steet dacks d'Uergel um Duxall. Hei ass a ville Kierchen nach di klassesch Plaz fir d'Sänger.
D'Wuert "Duxall" kennt vum Griicheschen "Doxa", "Herrlechkeet" a bezeechent a fréichrëschtleche Kierchen oder Klouschterkierchen d'Chouergitter, dat de Chouer vum Haaptschëff trennt.
Eng speziell Form ass an der Kierch zu Kolmer-Bierg ze fannen. Dat ass d'Loge vum groussherzoglechen Haff.
| Commons: Rood screens – Biller, Videoen oder Audiodateien |