E-Mail

Vu Wikipedia

E-Mail (Ofkierzung fir Electronic-Mail) ass en Déngscht am Internet fir elektronesch Messagen ze verschécken oder ze kréien.

Benotzen[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'E-Maile verschécken an unhuelen ze kënnen, muss een an der Reegel en E-Mail-Account an en E-Mail-Client hunn. De Client ass e Programm, fir d'Messagen z'empfänken an ze senden; z. B. Thunderbird oder Outlook. D'Zougangsdate fir den Account kritt een normalerweis vu sengem E-Mail-Provider matgedeelt. Dat sinn d'Date fir de POP an den SMTP Account beim E-Mail-Provider. Mam POP-Protokoll aktualiséiert den E-Mail-Client d'Postfach a mam SMTP-Protokoll verschéckt hien E-Mailen op aner Serveren.