EMD Serie 66
D'EMD Serie 66 oder och JT42CWR sinn dieselelektresch Lokomotiven déi zënter 1998 vun Electro-Motive Diesel (EMD) gebaut ginn.
D'Lokomotiv gouf an de 90er Jore vun EMD déi deemools eng Duechtergesellschaft vun General Motors war, am Optrag vun der britescher Eisebunnsgesellschaft EWS entwéckelt.
Am Ufank goufen 250 Stéck dervun a Kanada gebaut, an a Groussbritannien ënner der Baureiennummer Class 66 agefouert.
Den Numm EMD Serie 66 koum eréischt wéi de Produzent ugefaangen huet se och an aner Länner ze verkafen.
D'Lokomotiv huet en Dieselmotor vun 2420 kW a jee no Ausféierung ka se bis 129,6 Tonne schwéier sinn.
D'Achsformel ass Co'Co', dat heescht, si huet zwou Bogiën, op deenen all Kéiers dräi Achse sinn (C), bei deenen all Rad sonner ugedriwwen ass.
De Stroum gëtt vun enger Dréistroumgeneratrice EM AR8/CA6 produzéiert, déi hir Energie weider un déi sechs Pattelagermotore weidergëtt.
Déi dräiachseg Bogien hu géigeleefeg radialgesteiert Kappachsen, an d'Mëttelachs léisst sech säitlech verréckelen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: British Rail Class 66 – Biller, Videoen oder Audiodateien |