ESCP Europe

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'ESCP Europe ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, London, Berlin, Madrid an Turin. Si gouf 1819 gegrënnt an ass domat déi eelst Business School vun der Welt.[1][2] 2012 gouf d'ESCP Europe am Ranking vun der Financial Times ënner déi 10 bescht European Business Schools gewielt.[3] De Master am Management vun der ESCP Europe war fir d'Financial Times 2010 dee weltwäit beschten[4], an 2013 dee weltwaït zweetbeschten.[5] Den Executive MBA vun der ESCP Europe beleet am internationale Ranking vun der Zeitung déi 21. Plaz.[6] Der Schoul hieren MEB (Master in European Business) ass ähnlech wéi e Vollzäit-MBA mee zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. D'ESCP Europe huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmen a spezifesche Managementgebitter wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der ESCP Europe sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB. Méi wéi 40.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Patrick Thomas (PDG Hermès), den Ignacio Garcia Alves (PDG Arthur D. Little), den Nicolas Petrovic (PDG Eurostar) an den EU Commissaire fir de Marché intérieur a Servicer Michel Barnier.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'ESCP Europe gouf den 1. Dezember 1819 vun enger Grupp vu Wirtschaftsexperten a Geschäftsleit, dorënner den Economist Jean-Batiste Say an den Trader Vital Roux, gegrënnt. Vu datt d'ESCP Europe déi éischt Business School op der Welt war kënnen déi zwéi Männer als Erfinder vum business school-Modell ugesi ginn.[1] Dee Modell huet sech un der bekannter Ecole Polytechnique inspiréiert, war awer ufanks e bësse méi kleng gehal, vrun allem well e vum Staat net finanziell ënnerstëtzt gouf.

D'ESCP Europe huet säit ëmmer an éiweg eng international Dimensioun: Schonn 1824 waren 30% vun den 118 Studenten Auslänner, mat ënner anerem Spuenier, Brasilianer, Hollänner, Däitscher, Portugisen an Amerikaner.[7] Friemsprooche sinn en essentielle Bestanddeel vum Curriculum, an dat zanter dem Grënnungsjoer, wou schonn deemools vereenzelt Coursen op Franséisch, Englesch, Däitsch a Spuenesch gehal gofen. D'Associatioun vun den Anciene vun der ESCP Europe gouf 1873 gegrënnt. 1921 – mat e bësse Verspéidung wéinst der Kris nom Eischte Weltkrich - huet d'ESCP Europe am groussen Auditoire vun der Sorbonne hiren honnerteste Gebuertsdag gefeiert.

D'Campusse vun der ESCP Europe a Groussbritannien (Oxford, haut London) an an Däitschland (Düsseldorf, haut Berlin) hunn 1974 respektiv 1975 hir Dieren opgemaach. 1988 koum e Campus zu Madrid, a Spuenien, derbäi, an 2004 e weideren zu Turin, an Italien. De Campus Düsseldorf gouf 1984 op Berlin verluecht. 2005 dunn ass d'ESCP Europe vun Oxford op London geplënnert.[8] D'Haaptgebai vum Londoner Campus huet virdrun New College geheescht a war fréier eng theologesch Héichschoul vun der United Reformed Church an en Deel vun der University of London.

2011 war d'ESCP Europe ee vun de Grënnungsmembere vun heSam, e Pol vu renomméierten Institutioune fir Recherche an Héichschoulbildung an de Sciences humaines et sociales dee ronderëm d'Sorbonne ugesidelt ass.[9]

Master am Management[änneren | Quelltext änneren]

De Master am Management ass e Programm fir Studenten ouni Aarbechtserfahrung déi iwwer eng streng Selektiounsprozedur ausgewielt ginn, an den domat d'franséisch Originë vun der haiteger zweehonnert Joer aler European Business School ervirhieft. Méi wéi 800 Studente mat iwwer 70 Nationalitéite sinn an dësem Programm fir allgemenge Management iwwer 2 Joer ageschriwwen. D'Studente kënnen zu Paräis, London, Berlin, Madrid oder Turin, oder op enger vun de méi wéi 100 Partnerinstitutioune vun der Schoul studéieren. Innerhalb vum Programm hunn d'Studenten de Choix tëscht méi wéi 20 Spezialisatiounen an iwwer 150 Fächer. Dat gëtt hinnen d'Méiglechkeet, de Programm mat bis zu dräi Diplomer ofzeschléissen.

MEB – Master in European Business[änneren | Quelltext änneren]

Den MEB ass e weiderféierende Studium iwwer ee Joer (Vollzäit) am General Management, mat engem Programm am Stil vun engem MBA a mat enger interkultureller Approche. De Programm riicht sech u Studenten déi en éischten Diplom (undergraduate honours degree) an engem net-Business Beräich (z. B. Droit, Ingénierie, Wëssenschaft, Sciences humaines, Medezin) absolvéiert hunn. 2 bis 3 Joer Aarbechtserfahrung nom Unisstudium gi recommandéiert. De Programm huet eng staark international Dimensioun mat ongeféier 40 Nationalitéite verdeelt op fënnef Campussen, vun deene keng Nationalitéit méi wéi 15 % vun der ganzer Klass ausmécht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]