ESTRACK
Ënnert dem Numm ESTRACK (ESA tracking stations) bedreift d'europäesch Raumfaartagentur ESA en Netz vu Funkstatiounen, déi zu der Kommunikatioun mat Satellitten a Raumsonden déngen. Duerch weltwäit Verdeelung vun de Statiounen ass et méiglech, fir e Raumfluchkierper ëmmer mat op d'mannst enger Statioun e Funkverkéier opzehuelen.
Zu de Raumfaartmissiounen, déi iwwer den ESTRACK gesteiert ginn, gehéiere beispillsweis Herschel/Planck, LISA Pathfinder, Gaia, BepiColombo a Venus Express.
Inhaltsverzeechnes |
Buedemstatiounen [änneren]
Am Mäerz 2012 besteet ESTRACK aus néng Buedemstatiounen, déi de Raumfluchkierper mat dem Europäesche Raumfluchkontrollzentrum (ESOC) zu Darmstadt verbënnt. Fënnef Statioune stinn an Europa, zwou an Australien, eng an Afrika an eng op dem südamerikanesche Kontinent:
Australien [änneren]
- New Norcia, Australien
- Duerchmiesser: 35 m (DSA 1)
- Gewiicht: 580 t
- Frequenzbänner: S- an X-Band (Senden an Empfang)
- Perth, Australien
- Duerchmiesser: 15 m
- Frequenzbänner: S-Band (Senden an Empfang), X-Band (Empfang)
Afrika [änneren]
- Maspalomas (Gran Canaria), Spuenien
- Duerchmiesser: 15 m
- Frequenzbänner: S-Band (Senden an Empfang), X-Band (Empfang)
Europa [änneren]
- Kiruna, Schweden
- Duerchmiesser: 13 a 15 Meter
- Frequenzbänner: S-Band (Senden an Empfang), X-Band (Empfang)
- Redu, Belsch
- Duerchmiesser: 15 m (Véier Antennen, dovun déi gréisst 15 m)
- Frequenzbänner: S-Band (Senden an Empfang)
- Cebreros, Spuenien
- Duerchmiesser: 35 m (DSA 2)
- Héicht: 40 m
- Gewiicht: 540 t
- Frequenzbänner: X-Band (Senden an Empfang), Ka-Band (Empfang)
- Käschten: 30 Mio. EUR
- Villafranca del Castillo, Spuenien
- Duerchmiesser: 15 m (Fënnef Antennen, dovun déi béid gréisst 15m)
- Frequenzbänner: S- an X-Band (Senden an Empfang)
- Santa Maria (Azoren), Portugal
- Frequenzbänner: S-Band an a noer Zukunft X-Band (Stand Januar 2008)
- Si ass déi éischt ESTRACK-Statioun, déi Rakéiten déi vum Weltraumzentrum Guayana mat mëttlerer Bunnschréiegt starten, iwwerwaache kann.
Südamerika [änneren]
- Kourou, Franséisch-Guayana
- Duerchmiesser: 15 m
- Frequenzbänner: S- an X-Band (Senden an Empfang)
- Malargüe, Argentinien
- Buedemstatioun am Opbau
Kooperatioun [änneren]
Niewent den eegene Statiounen gebraucht d'ESA och Buedemstatiounen vun aneren Organisatiounen. Dat sinn ënner anerem:
- Malindi am Kenia an Zesummenaarbecht mat der Universitéit vu Roum,
- Spitzbergen an Norwegen an Zesummenaarbecht mat Konsberg Spacetec,
- Santiago de Chile an Zesummenaarbecht mat dem Raumfuerschungszentrum vun der Universitéit vu Chile.
Vergréisserung [änneren]
Wat den Antennegewënn vun de Buedemstatiounen méi héich ass , wat den techneschen Opwand fir d'Sende- an Empfangssystemer vum Raumfluchkierper méi kleng ass. Dat weist sech beispillsweis a klenger Sendeleeschtung an Empfängerempfindlechkeet, wat den Energiebedarf verklengert. Ausserdeem vergréissert sech d'Reechwäit am Fall vun interplanetaresche Missiounen. Allerdéngs gëtt, wann den Antennegewënn méi grous ass, am Allgemengen de Siichtberäich vun der Antenn méi kleng, sou datt méi Opwand fir dat séchert Opfanne vum Satellit um Himmel investéiert muss ginn.
A Spuenien (Cebreros, DSA 2) an an Australien (New Norcia, DSA 1) sti sougenannt Deep-Space-Parabolantennen mat engem Duerchmiesser vu 35 m. Fir eng ënnerbriechungsfräi Verbindung zu enger Raumsond, déi wäit ewech ass, bäibehalen ze kënnen soll eng drëtt Deep-Space-Parabolantenn an Argentinien opgebaut ginn, 30 Kilometer südlech vun der klenger Stad Malargüe. D'Ouverture ass fir Mëtt 2012 geplangt.[1]
D'US-amerikanesch Raumfaartagentur NASA bedreift ënnert dem Numm Deep Space Network en ähnlecht Netz.
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ ESA to build its third deep space ground station in Argentina, 26. Juni 2009. http://www.esa.int/esaCP/SEM6Y71P0WF_index_0.html