Eartha Kitt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Eartha Kitt 1952
D'Eartha Kitt 2007

D'Eartha Mae Kitt, gebuer de 17. Januar 1927 als Eartha Mae Keith zu North, a gestuerwen de 25. Dezember 2008 zu New York City, war eng US-amerikanesch Schauspillerin an Jazz-Sängerin.

Si huet fir Theater, Film an Tëlevisioun geschauspillt. An iwwer 30 Filmer huet se matgespillt. Bekannt war se beim breed Publikum an den 1960er Jore fir hir Roll als Catwoman an der Teleesserie Batman. Als Sängerin hat se mat Santa Baby, engem Chrëschtdagslidd, 1952 en Hit, aner Succèse waren Let's Do It, , Just an Old Fashioned Girl, Monotonous, Love for Sale, I'd Rather Be Burned as a Witch, Uska Dara, Mink, Schmink an Under the Bridges of Paris.

1968 huet si bei enger Invitatioun am Wäissen Haus d'Fra vum amerikanesche President Lyndon B. Johnson, d'Lady Bird Johnson, mat kritesche Commentairen iwwer de Vietnamkrich un d'Kräische bruecht, wat als Brusquéierung ugesi gouf an als Konsequenz hat, datt se 10 Joer laang keen Engagement méi an den USA krut. Si huet déi Zäit an Europa gelieft.

An den 1980er an 1990er Joren ass si ë.a. a Musicalen a Cabareten opgetrueden.

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Um Spaweck

Commons: Eartha Kitt – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen