Ebisu (Mythologie)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ebisu)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ebisu (えびす oder ゑびす) ass den Numm vun enger japanescher Gottheet am Schintoismus. Et ass d'Gottheet vun de Fëscher a vum Gléck a gëtt dowéinst dacks mat engem décke Baart an enger Aangel an der Hand duergestallt. Alles wat sou Aussergewéinleches aus dem Mier u Land gespullt gëtt, wéi zum Beispill Muschelen, gëtt als Geschenk vun him ugesinn.

Hiruko no mikoto

D'Gottheet Ebisu oder ganz aussgeschriwwen Hiruko no mikoto wier verkrëppelt op d'Welt komm. Ganz genee weess kee wéi en ausgesinn huet. Et gëtt Erzielungen, datt en ouni Schanke gebuer gouf, mä et gëtt och gesot datt et eng einfach Behënnerung beim Goe war. Mä wéinst der Mëssbildung hu seng Elteren hien an engem Boot um Ufer vun der Insel Awaji ausgesat. Hien ass da bis an d'Duerf Nishinomiya gedriwwe ginn, wou och haut nach säi Schräi steet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ebisu – Biller, Videoen oder Audiodateien