Ed Federmeyer

Vu Wikipedia
Ed Federmeyer
Gebuertsnumm Édouard Federmeyer
Gebuer 16. August 1947
Hollerech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée
Aktivitéit Schrëftsteller, Informatiker
Famill
Geschwëster Mex Federmeyer

Den Ed Federmeyer (eigentlech Édouard Federmeyer), gebuer de 16. August 1947 ass e lëtzebuergeschen Eisebunnsamateur an Auteur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Premièresexamen 1966 am Lampertsbierger Jongelycée huet den Ed Federmeyer vum August 1966 bis Februar 1967 nach 6 Méint obligatoreschen Arméi-Déngscht hanneru sech bruecht. Vum 1. Mäerz 1967 bis den 31. Juli 2006 huet hie 4 Joer bei der Caisse de pension des employés privés a 35 an en halleft Joer beim Centre Informatique de la Sécurité Sociale als Informatiker geschafft. Vum 1. August 2006 un ass hien a Pensioun.

Seng Hobbye sinn d'Eisebunn an d'Industriell Archeologie vun de Minièren zu Lëtzebuerg. Dofir mécht hie seng Recherchen an den Nationalarchiven, der Nationalbibliothéik an an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg.

Nieft verschiddenen Artikelen a Veräinsbroschüren huet hie follgend Bicher geschriwwen:

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Eisenbahnen in Luxemburg, 1984, am Eisenbahn Kurier Verlag zu (Freiburg), scho laang vergraff
  • Schmalspurbahnen in Luxemburg. Band 1, 1992, G.A.R.-Documentation, 418 S., ISBN 3-921980-46-1
  • Schmalspurbahnen in Luxemburg. Band 2, 1994, G.A.R.-Documentation, 502 S.
  • Eisenbahnen in Luxemburg Band 1, 2007, 502 S., W. Herdam Fotoverlag, ISBN 978-3-933178-21-3 (allgemeng Geschicht vun der Eisebunn a vun de Strecken zu Lëtzebuerg - Normalspuer)
  • Eisenbahnen in Luxemburg Band 2, 2009, 302 S., W. Herdam Fotoverlag, ISBN 978-3-933178-24-4 (Geschicht vun den Damplokomotiven zu Lëtzebuerg - Normalspuer)
  • Eisenbahnen in Luxemburg Band 3, 2011, 375 S., W. Herdam Fotoverlag, ISBN 978-3-933178-27-5 (Geschicht vun den Diesel- an Elektrolokomotiven zu Lëtzebuerg - Normalspuer)
  • Zesumme mam Pierre Pasquali:Eisenerzgruben im Erzbecken von Beles - Differdingen - Rodingen. Publikatioun vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn, No 20/2005 vum Korspronk, 420 S.