Eddington-Grenz

Vu Wikipedia

Als Eddington-Grenz oder Eddington-Limitt (nom brittesche Physiker Sir Arthur Stanley Eddington) bezeechent een an der Astrophysik déi natierlech Begrenzung vun der Liichtkraaft. Et ass de gréissten Energiefloss, deen duerch eng hydrostatesch Gas-Schichtung mat Stralung transportéiert ka ginn, ier de Stralungsdrock den hydrostateschen Drock iwwerwënnt. De Stralungsdrock kënnt duerch Streeung vun der Stralung u fräien Elektronen, der Thomson-Streeung zustan. D'Liichtkraaft vun engem bestëmmten Objet, bei deem den hydrostatesche Drock duerch de Stralungsdrock iwwerwonne gëtt, heescht Eddington-Liichtkraaft.

D'Eddington-Limitt ass domat déi maximal Liichtkraaft, déi e Stär am hydrostatesche Gläichgewiicht kann hunn, ouni instabil ze ginn a seng baussenzeg Schichten ofzestoussen. Stärewand kënnt awer scho bei Stären däitlech ënner der Limitt vir. Zwar gëllt d'Betruechtung vum Eddington streng geholl nëmme näherungsweis bei Stären, déi e Stärewand verstréimen an dofir net am hydrostatesche Gläichgewiicht sinn; allerdéngs huet d'Thomson-Streeung a Stären d'Eegeschaft, net vun der Déift am Stär ofzehänken. Well déi Regioun am Stärekär déi Energie fräisetzt awer vill méi kleng ass wéi d'Regioun, déi duerch de Stärewand beaflosst gëtt, ass d'Eddington-Limitt trotzdeem eng sënnvoll Grenz. Ze beuechten ass awer, datt d'Eddington-Limitt eendimensional an zäitonofhängeg ofgeleet ass – dat heescht, et ass souwuel méiglech, datt e Stär nëmmen zäitweis d'Limitt iwwerschrëtt, ouni zerstéiert ze ginn, wéi och, datt en zweedimensionaalt Zesummespill vu Stärewand a Stralung zesummen eng Liichtkraaft iwwer der Limitt zouléisst. Beispillsweis fir d'Ausbréch vun η Carinae.

Bedeitend ass d'Eddington-Limitt ausserdeem bei Akkretioun vu Matière op e kompakten Objet, z. B. e Schwaarzt Lach, well wann d'Liichtkraaft d'Eddington-Grenz iwwerklëmmt, an de Stralungsdrock sou héich gëtt, datt dat astierzend Material no bausse gedréckt gëtt. Domat gëtt awer gläichzäiteg d'Energiezoufouer ofgeschnidden, soudatt d'Liichtkraaft nees ënner d'Eddington-Grenz fält an d'Material nees astréime kann. Dëse Virgank ka sech periodesch widderhuelen.

D'Eddington-Grenz ass eng Funktioun vun der Mass vum Objet, dee Material dat ronderëm ass akkretéiert:

Dobäi ass

  • de Maximum vun der Liichtkraaft, déi duerch Akkretioun ervirgeruff ka ginn
  • d'Mass vum kompakten Objet
  • d'Sonnemass
  • d'Liichtkraaft vun der Sonn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]