Edelmetall

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Edelmetaller si wéineg reaktiv Schwéiermetaller, déi an der Loft kaum oder guer net oxidéieren. Aus dësem Grond komme si an der Natur och am rengen Zoustand fir. Hir Dicht ass mei héich wéi 9,5 g/cm³.

Zu den Edelmetaller gehéieren:

Am chemesche Sënn sinn Edelmetaller all Metaller, déi an der elektrochemescher Spannungsrei e positiivt Standardpotential géintiwwer Waasserstoff hunn. Traditionell gesi gëtt de Koffer allerdéngs net zu den Edelmetaller gezielt, obwuel en am chemesche Sënn eigentlech dozu gehéiert. Dowéinst gëtt en heiansdo als Hallefedelmetall bezeechent. Déi kënschtlech Elementer Bohrium, Hassium, Meitnerium, Darmstadtium, Roentgenium a Copernicium si vermutlech och Edelmetaller.