Edgar Rice Burroughs

Vu Wikipedia
Edgar Rice Burroughs
Gebuer 1. September 1875
Chicago
Gestuerwen 19. Mäerz 1950
Encino
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Romancier, Dréibuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Prosaist, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller

Den Edgar Rice Burroughs, gebuer den 1. September 1875 zu Chicago a gestuerwen den 19. Mäerz 1950 zu Encino, war en US-amerikanesche Schrëftsteller, deen haut virun allem fir seng Serie mam Dschungelheld Tarzan bekannt ass.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Burroughs war de Jong vun engem Geschäftsmann. No sengem Militärdéngscht huet hien a Geleeënheetsjobs geschafft. 1899 goung e bei säi Papp an de Betrib schaffen, wou e 5 Joer laang bliwwen ass. 1900 huet hie sech mat der Emma Centennia Hulbert bestuet, a si kruten 3 Kanner: d'Joan, den Hubert an den John.

Géint 1911 huet de Burroughs ugefaangen, Erzielungen ze schreiwen, déi a sougenannte Pulp-Magazine publizéiert goufen. Seng éischt Geschicht war Under the Moons of Mars, déi 1912 als Feuilleton am All Story Magazin erauskoum. Zanterhier huet hien d'Schreiwen zu sengem Haaptberuff gemaach. Wéi déi lescht Episod vun Under the Moons of Mars publizéiert gouf, hat hien 2 Bicher geschriwwen, wouvun eent, Tarzan of the Apes am Oktober 1912 erauskoum an e grousse Succès hat.

De Burroughs huet dann och d'Popularitéit vun der Tarzan-Figur ausgenotzt, fir d'Rechter drop un aner Medien ze verkafen: Bande-dessinéeën, Filmer, Spillgezei, asw.

Nieft den Tarzan-Geschichten huet de Burroughs Science fiction a Fantasygeschichte geschriwwen, an deene Mënschen op friem Planéite geflunn oder an den Zentrum vun der Äerd gereest sinn, an dobäi all méiglech Aventuren erlieft hunn. Ausserdeem huet hie Western an historesch Libesromaner geschriwwen.

1923 huet hie senge eege Firma gegrënnt, Burroughs Inc., an där e seng eege Bicher erausbruecht huet. 1934 huet hie sech scheede gelooss a mat der Florence Dearholt bestuet (1942 gouf och dëse Stot gescheet). Wärend dem Ugrëff op Pearl Harbor huet hien op Hawaii gewunnt a war do Krichskorrespondent.

Am Ganzen huet hie 70 Bicher geschriwwen, wouvun eent seng Autobiographie ass.

De Burroughs-Krater um Mars gougf no him genannt.

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Serie John Carter of Mars[änneren | Quelltext änneren]

  • A Princess of Mars (1912)
  • The Gods of Mars (1918)
  • The Warlord of Mars (1914)
  • Thuvia, Maid of Mars (1920)
  • The Chessmen of Mars (1922)
  • The Master Mind of Mars (1928)
  • A Fighting Man of Mars (1931)
  • Swords of Mars (1936)
  • Synthetic Men of Mars (1940)
  • [Llana of Gathol] (1948)
  • John Carter of Mars (1964)

Serie Tarzan[änneren | Quelltext änneren]

  • Tarzan Of The Apes (1912)
  • The Return of Tarzan (1913)
  • The Beasts Of Tarzan (1914)
  • The Son of Tarzan (1914)
  • Tarzan And The Jewels Of Opar (1916)
  • Jungle Tales Of Tarzan (1919)
  • Tarzan The Untamed (1920)
  • Tarzan The Terrible (1921)
  • Tarzan and the Golden Lion (1923)
  • Tarzan and the Ant Men (1924)
  • The Tarzan Twins (1927)
  • Tarzan, Lord of the Jungle (1927)
  • Tarzan and the Lost Empire (1928)
  • Tarzan at the Earth's Core (1929)
  • Tarzan the Invincible (1930)
  • Tarzan Triumphant (1931)
  • Tarzan and the Leopard Men (1932)
  • Tarzan and the City of Gold (1932)
  • Tarzan the Magnificent (1936)
  • Tarzan and the Forbidden City (1938)
  • Tarzan and the Jungle Murders (1940)
  • Tarzan and the Champion (1940)
  • Tarzan and the Madman (1964)
  • Tarzan and the Foreign Legion (1947)

Serie Pellucidar[änneren | Quelltext änneren]

  • At the Earth's Core (1914)
  • Pellucidar (1923)
  • Tanar of Pellucidar (1928)
  • Tarzan at the Earth's Core (1929)
  • Back to the Stone Age (1937)
  • Land of Terror (1944)
  • Savage Pellucidar (1963)

Venus-Serie[änneren | Quelltext änneren]

  • Pirates of Venus (1934)
  • Lost on Venus (1935)
  • Carson of Venus (1939)
  • Escape on Venus (1946)
  • The Wizard of Venus (1970)

Caspak-Serie[änneren | Quelltext änneren]

  • The Land That Time Forgot (1918)
  • The People That Time Forgot (1918) (
  • Out of Time's Abyss (1918)

Aner Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • The Efficiency Expert (1921)
  • The Lost Continent (1916)
  • The Mad King (1926)
  • The Monster Men (1929)
  • The Mucker (1921)
  • The Oakdale Affair (1917)
  • The Outlaw of Torn (1927)
  • The Moon Maid (1926)
  • The Moon Men (1926)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Edgar Rice Burroughs – Biller, Videoen oder Audiodateien