Edikt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Edikt (vum laténgeschen edicere - verkënnegen) ass am réimeschen Droit eng ëffentlech Erklärung vun engem Magistrat iwwer d'Uwendung vum Droit zu senger Amtsperiod. Spéiderhi goufen domadder och d'Gesetzer vun de Keesere bezeechent.
A Frankräich war en Edikt e Gesetz vum Kinnek zu engem spezifeschen Thema, am Géigesaz zu enger Ordonnance déi méi Theme behandelt huet.
Hautdesdaags gi gréisstendeels nëmmen nach de Poopst a verschidde Regente vu klenge Staaten Edikter eraus.