Edikt vu Fontainebleau

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Edikt vu Fontainebleau

Den 18. Oktober 1685 gëtt den Edikt vun Nantes duerch den Edikt vu Fontainebleau widderruff. Den Edikt vun Nantes war domat iwwer 80 Joer gëlteg.

Den Edikt vun Nantes a seng Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri IV. hat et 1589 fäerdeg bruecht, de sougenannte Reliounskricher en Enn ze setzen, andeems e mam Edikt vun Nantes dat protestantescht Bekenntnes a Frankräich erlaabt huet. De Louis XIII. an de Richelieu hunn zwar de Protestanten (Hugenotten) hiert Gewiicht am Land reduzéiert, mä och si hunn d'reliéis Toleranz a Kraaft gelooss.

De Louis XIV. huet säi Beruff als Roi Très Chrétien ganz genee geholl. Fir hie sollt et a Frankräich nëmmen eng Konfessioun (= Bekenntnes) ginn, an zwar de Katholizismus. Virun allem war hien der Meenung, datt d'Protestanten ze vill republikanesch Iddien hunn. Nom Doud vum Mazarin gouf et ronn eng Millioun Protestanten a Frankräich, mat ëm déi 900 Tempelen (= protestantesch Gotteshaiser).

An enger éischter Phas, bis 1680, huet d'franséisch Monarchie dorop gebaut, datt sech vill Protestante géifen zum Katholizismus bekéieren, wann et hinne verbuede wier, hiert Bekenntnes auszeliewen. Dofir gouf sech Wuert fir Wuert op den Edikt vun Nantes beruff, andeems zum Beispill d'Protestanten aus allen ëffentleche Funktiounen erausgehäit goufen. Den Edikt war effektiv, wat dat Thema ugaangen ass, net ganz kloer. D'Mooss vun de Strofe gouf erhéicht, fir all déi, déi sech net un déi nei Bestëmmunge gehalen hunn. De Gleewege gouf verbueden z'emigréieren, keng Synod konnt ouni den Accord vum Kinnek ofgehale ginn, a si hu sech net däerfe mat Katholike bestueden. Begriefnesser vu Protestante konnten nëmme moies fréi oder owes spéit duerchgefouert ginn. Psalmen hunn nëmmen nach doheem oder am protestantesche Gotteshaus däerfe gesonge ginn, an net méi an der Ëffentlechkeet. 1676 gouf souguer eng extra Keess ageriicht, fir déi, déi sech zum Katholizismus bekéiert hunn, ze belounen.

1681 hunn déi sougenanntn Dragonnaden ugefaangen, eng brutal an dacks bluddeg Intimidatioun vun de Protestanten. Dragouner, eng Zort beridden Zaldoten, sinn a protestantesche Familljen aquartéiert ginn an hunn déi, noutfalls mat Gewalt, gezwongen, hir Konfessioun z'änneren. Et huet dacks net laang gedauert: wann d'Wuert "Dragonnade" gefall ass, hu sech ganz protestantesch Dierfer bekéiert.

Den Edikt vu Fontainebleau[änneren | Quelltext änneren]

Dat goung awer nach net duer, fir de Protestantismus aus Frankräich erauszekréien, a 1685 sinn d'Verfolgungen am Béarn an am Languedoc weidergaangen. Ëmmer méi Leit hu sech zum Katholizismus bekéiert, a sou koum et, datt de Louis XIV. fonnt huet, den Edikt vun Nantes wier iwwerflësseg, well jo souwisou kee Protestant méi am Land wier. Dat huet dunn zur Revokatioun vum Edikt vun Nantes, duerch den Edikt vu Fontainebleau, geféiert.

D'Protestanten hate vun elo u kee Recht méi, hir Konfessioun ze praktizéieren, a si hunn hir Kanner misse kathoulesch deefe loossen. Vill vun dësen neie Katholiken hunn dat natierlech net éierlech gemengt a sinn am Geheimen dem Protestantismus nawell trei bliwwen. Sou si se zwar mat an d'Mass gaangen, hunn awer net kommunizéiert. Wann se liesen oder schreiwe konnten, hu se hire Kanner doheem hir Konfessioun weiderginn.

Zéngdausende vu Protestanten hunn doropshi beschloss, d'Land ze verloossen, wouvun der 50.000 bis 60.000 an Holland ausgewandert sinn, 40.000 bis 50.000 an England, 30.000 an Däitschland, 22.000 an d'Schwäiz an 10.000 bis 15.000 an d'englesch Kolonien an Nordamerika. Dacks waren dat gutt Handwierker, Offizéier, Geschäftsleit oder Wëssenschaftler.

De Protestantismus huet a Frankräich trotzdeem iwwerlieft, well verschidde Géigenden, wéi d'Cévennen, hanner Nîmes a Montpellier, sech gutt gëeegent hunn, fir Widderstand ze leeschten. Dem Louis XIV. seng antiprotestantesch Politik war deemno keen Erfolleg, am Géigendeel, säi Räich huet ganz vill dichteg Leit zu Gonschte vu senge Géigner verluer, an de Protestantismus huet nawell a Frankräich weiderbestanen. Spéider, ënner dem Louis XVI., koum et nees zu engem Toleranzedikt, deen de 7. November 1787 zu Versailles ënnerschriwwe gouf.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]