Editions Ultimomondo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Editions Ultimomondo, S.à r.l., ass e lëtzebuergesche Buchverlag.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Historique

De Verlag Editions Ultimomondo, S.à r.l. mat Sëtz zu Nouspelt gouf den 9. August 2000 gegrënnt [1]. Déi fënnef Grënnungsmemberen an Associéë waren de Michel Dimmer, de Roger Manderscheid, de Guy Rewenig, d'Micheline Scheuren an de Paul Thiltges. D'Micheline Scheuren gouf administrative Gerant an de Michel Dimmer technesche Gerant.

2008 gouf de Sëtz [2] vum Verlag op Sandweiler verluecht. D'Monique Sauber-Rewenig huet d'Micheline Scheuren um Poste vum administrative Gerant ersat. 2011, nom Doud vum Roger Manderscheid, gouf de Sëtz nees op Nouspelt verluecht an de Guy Rewenig gouf neie Gerant administratif [3].

[änneren] Mataarbechter

Ëm de literaresche Programm këmmert sech de Guy Rewenig, deen dat virdrun zesumme mam Roger Manderscheid gemaach huet. De Paul Thiltges ass responsabel fir de Marketing.

De Verlag publizéiert nei Texter op Lëtzebuergesch, Franséisch an op Däitsch. Fir unzefänken koumen 2001 Bicher vum Roger Manderscheid a Guy Rewenig eraus. 2002 koumen der derbäi vum Nico Helminger, der Michèle Thoma, dem Rolph Ketter a Karikature vum Guy W. Stoos.

Am Lektorat schaffen de Lucien Kayser, Rolph Ketter an de Pierre Marson. Fir de Verlag schaffen d'Grafiker Michel Dimmer, d'Grafikerin an Illustratorin Pat Wengler, an d'Illustratorinnen Klaudia Kampa, Nadezda Kozomara, Claire Lesbros an Annick Sinner.

[änneren] Auteuren

[änneren] Tour de Lüx

Am Kader vum zéngten Anniveraire vum Verlag gouf tëschent dem 26. September 2009 an dem 25. September 2010 queesch duerch d'Lëtzebuerger Land, mat Ofstiecher op Berlin a Wien, den Tour de Lüx mat 45 Etapen organiséiert. Déi verschidden Auteuren vum Verlag hu Liesungen gemaach, déi dacks vum Saxophonist a Klarinettist Jitz Jeitz musikalesch encadréiert goufen.

[änneren] Programm vum Verlag

  • ultimomondo, Literatur fir Erwuessener
  • pockolibri, Literatur fir Erwuessener
  • Datscharitschi, eng Serie vu Bicher fir Kanner
  • Kalabu, eng Serie vu Lauschterbicher fir Kanner

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Mémorial C — N° 58 vum 26. Januar 2001, S 2771-2773 Mémorial C
  2. Mémorial C — N° 1195 vum 16. Mee 2008 S. 57322-57323 Mémorial C
  3. Mémorial C — N° 1148 vum 28. Mee 2011, S 55064-55065 Mémorial C
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen