Editus

Vu Wikipedia
Editus Luxembourg SA
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 1974
1995 ënner dem haitegen Numm
Sëtz Lëtzebuerg, Keel
Leedung Hugues Langlet (Generaldirekter) (2013)
Produit Kommunikatioun
Homepage www.editus.lu

Editus Luxembourg SA ass eng lëtzebuergesch Aktiegesellschaft déi am Kommunikatiounsberäich aktiv ass an ënner anerem d'Telefonsbuch publizéiert. D'Firma gehéiert zu 89,92 % der Lëtzebuerger Post an zu 10,08 % der franséischer Entreprise Solocal.[1]

Editus gouf 1974 als Edition Kompass Luxembourg Sàrl gegrënnt. 1980 ass déi éischt Editioun vum Telefonsbuch Kompass mat professionelle Kontaktdate fir Entreprisen erauskomm. Dräi Joer méi spéit gouf déi éischt Ligne Bleu, déi haiteg Giel Säiten, verëffentlecht. 1991 huet d'Entreprise den Numm Editus Sàrl ugeholl, d'Joer drop ass den Annuaire fir d'Europaregioun Saar-Lor-Lux virgestallt ginn. Zur SA ass Editus 1995 ënner dem Kontroll vun der Lëtzebuerger Post an Eurodirectory ginn.

D'Mark Kompass ass 1998 verkaaft ginn, a mam Informatiounsportal Luxweb huet Editus 1999 och ugefaange sech um Internet z'etabléieren. D'online Telefonsbuch gëtt et zanter 2000. Haut gëtt et d'Telefonsbuch op editus.lu a véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch), op deem 2009 am Duerchschnëtt 522.600 Recherchë pro Mount gemaach goufen. Zousätzlech gëtt d'Telefonsbuch och nach am Pabéierformat verëffentlecht; déi zwee Bicher Editus Tel an Editus Pro sinn 2012 zesummen 200.000-mol verdeelt ginn. Editus geréiert nach eng Rei aner Internetportaler a bitt nach aner Servicer un (myeditus, habiter.lu, good-deals.lu, Made in Luxe, etc).

2011 sinn d'Büroe vun der Entreprise vun der Gliesener Strooss am Stater Garer Quartier, wou si zanter 2000 etabléiert war, a vu Bartreng am neie Sëtz zu Keel zentraliséiert ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Stand: Oktober 2013 / Quell: editus-luxembourg.lu - Presention