Edmond Knaff

Vu Wikipedia
Edmond Knaff
Gebuer 28. Februar 1858
Gréiwemaacher
Gestuerwen 15. Dezember 1938
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Dokter

Den Edmond Knaff, gebuer den 28. Februar 1858 zu Gréiwemaacher a gestuerwen de 15. Dezember 1938 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Dokter an Auteur.[2]

Den Dokter a seng Famill[änneren | Quelltext änneren]

Den Edmond Knaff huet zu Paräis, Stroossbuerg, Prag a Berlin Medezin studéiert.

Am November 1884 huet hien am Kader vun der Collation des grades säin Doktorat an der Medezin zu Lëtzebuerg gepackt, an am Oktober 1885 den Doktorat an der Chirurgie an an der Gebuertshëllef. De 26. Oktober 1885 ass hien als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn an hien huet sech dunn zu Gréiwemaacher etabléiert. Den 11. Abrëll 1893 krut den Edmond Knaff eng Nominatioun als Kantonaldokter vum Kanton Gréiwemaacher.[3]

1916 gouf hien Direkter op der Rumm a seng Praxis an d'Stad verluecht. Hien ass bis 1937 Direkter op der Rumm bliwwen.[4]

Am Dezember 1901 krut den E. Knaff eng Nominatioun als membre effectif vum Collège médical.[5]

Den Edmond Knaff hat sech de 7. Januar 1899 an der Stad mat der Marie Elise Faber[6], der Duechter vum Vizepresident vum Staatsrot Emile Faber, bestuet. D'Koppel hat zwee Meedercher, d'Marie, gebuer den 10. Abrëll 1900, an d'Elise (Elsy), gebuer de 5. Oktober 1901.[4]

De Wëssenschaftler[änneren | Quelltext änneren]

Den Edmond Knaff war vun 1898 bis 1906, an dann erëm vun 1918 u bis zu sengem Doud Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), wou hien aktiv matgeschafft an och am Bulletin vum Veräi publizéiert huet[7]. Hie war Vizepresident vun der SNL vun 1922 bis 1938.[8]

Am Joer 1923 gouf hie membre effectif vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal. Laut der Lëscht vun de Memberen, déi 1924 publizéiert gouf, wier hien zënter 1921 membre correspondant gewiescht; am Rapport vun der Sëtzung vum 16. Juni 1920 figuréiert hien allerdéngs schonn an där Qualitéit op der Presenzlëscht. Vun de Sëtzunge vun de Jore virdrun ass kee Rapport publizéiert; dee leschten datéiert vum Dezember 1917.[9]

Den Auteur[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Bulletin vun der SNL, huet de Knaff eng Rei vun Artikelen am Bulletin vun der Société des sciences médicales[10], an der Revue médicale de l'Est, et Bulletin de la Société des sciences médicales de Nancy, an den Archives vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal[11], an der Zäitschrëft Ons Hemecht[12] an an de Publikatioune vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal publizéiert.

Den Edmond Knaff huet och Geleënheetsgedichter geschriwwen, déi hie mam Pseudonym Macheranus signéiert huet[13]; eent vun deene Gedichter, e Lueflidd op den 1937er Joergank vum Muselwäin, huet d'Obermosel-Zeitung am September 1937 publizéiert.[14]

Zesumme mam Dr. Auguste Praum huet hien 1919 e Code médical mat der gesamter lëtzebuergescher Legislatioun vum Gebitt vun der Medezin an der Hygiène erausginn, eng Publikatioun, déi am Juni 1919 am Bulletin vun der Académie de médecine vu Paräis[15] an am Januar 1920 an der Revue internationale de la Croix Rouge[16] gelueft ginn ass.<

Den Edmond Knaff ass besonnesch bekannt fir seng medezinhistoresch Artikelen iwwer de Peschtdokter Adam Chenot (1721-1789), iwwer deen hien och an der SNL an am Institut grand-ducal geschwat huet.[17]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Praum, A. & E. Knaff, 1919. Code médical: Répertoire des dispositions régissant l'art de guérir et l'hygiène dans le Grand-Duché de Luxembourg. Th. Schroell, Luxembourg, VI, 468 p.
  • Knaff, E., 1921. Dr. Adam Chenot. Ons Hémecht 1921, S. 101-104 [komplettéiert duerch: Nachtrag zur Biographie Chenot's. Ons Hémecht 1926, S. 180-181].
  • Knaff, E., 1921. Adam Chenot (Chenotus), 1721-1789. Bulletin de la Société des Sciences Médicales du grand-duché de Luxembourg 1921, S. 131-184.[18]
  • Knaff, E., 1934. Adam Chenot et deux autres médecins luxembourgeois qui se sont distingués en Autriche-Hongrie au XVIIIème siècle. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg 64, S. 203-314.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 1938-12-16, S. 6 (Doudesannonce).
  2. Lahr 1938, Lahr 1939, Massard 1988, S. 215, Massard 1990, S. 152-153, Kugener 2005, S. 849-850..
  3. Mémorial 1893, N° 16, S. 150-151 [1] (falsche Virnumm!, kuck: Massard 1988, S. 175).
  4. 4,0 4,1 Kugener 2005, S. 849-850.
  5. Mémorial 1901, S. 1047.
  6. Luxemburger Wort 1899-01-16, S. 3 (Civilstand der Stadt Luxemburg)
  7. J.A. Massard & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91 (1990), S. 374.
  8. Massard 2015, S. 89 a S. 260.
  9. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 8 (années 1917-1924), S. 22 (séance du mercredi, 16 juin 1920), S. 29 (séance du lundi, 18 juillet 1923).
  10. Kugener 2005, S. 850. Kuck och: Hury, C., 1961. Table méthodique et analytique des matières contenues dans le Bulletin de la Société des Sciences Médicales du Grand-Duché de Luxembourg de 1864 à 1961 inclusivement. Bulletin de la Société des Sciences Médicales du grand-duché de Luxembourg 1961, S. 599-648.
  11. Kugener 2005, S. 850.
  12. Eichhorn, A., J. Maertz & P. Medernach, 1977. Hémecht. Revue d'histoire luxembourgeoise. Table générale 1895-1973. Luxembourg, S. 42 (Knaff-Faber, Edmond Dr.)
  13. Obermosel-Zeitung 1937-05-29, S. 4 (Hr. Doktor Edmund Knaff zur Fahrt ins Achtzigste) [2]
  14. Obermosel-Zeitung 1937-09-29, S. 4 (1937er)
  15. Luxemburger Wort 1919-06-16, S. 2-3. (Code médical)
  16. Luxemburger Wort 1920-02-23, S. 2 (Literarisches. Dr. A. Praum et Edm. Knaff. – Code médical …).[3]
  17. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 35 (1925), 80 (séance du dimanche 15 novembre 1925) [4]; Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 13 (1934): XXXVII [Séance du 18 janvier 1933: Résumé de la conférence de M. E. Knaff. Adam Chenot (Chenotus) (1721-1789)].
  18. Kuck: E.J. Klein, 1921. Literarisches: Adam Chenot (Chenotus), 1721-1789, von Dr. Edm. Knaff-Faber, Separatabdruck aus dem “Bulletin de la Société des Sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg”, 1921. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 31, S. 165-168.[5]
  19. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2016-05-26.