Edmond Halley

Vu Wikipedia
Edmond Halley
Gebuer 29. Oktober 1656 jul.
Gestuerwen 14. Januar 1742 jul.
Greenwich
Nationalitéit Kinnekräich England, Kinnekräich Groussbritannien
Educatioun Queen's College,
University of Oxford
Aktivitéit Mathematiker, Geophysiker, Astronom, Meteorolog, Kartograph, Philosoph, Kach, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society

Den Edmond Halley, gebuer den 8. November 1656 zu Haggerston bei London, a gestuerwen de 14. Januar 1742 zu Greenwich, war en engleschen Astronom a Mathematiker.

Den Halley, Jong vun engem Seefefabrikant, huet zu Oxford Mathematik an Astronomie studéiert. Scho mat 21 Joer huet hien eng Method verëffentlecht, mat där een d'Perihel an d'Aphel souwéi d'Exzentrizitéite vun de Planéite bestëmme kann. Hien ass 1677 op d'Insel St. Helena gereest fir do Stäre vum südlechen Himmel ze bestëmmen. D'Royal Society huet hien domat chargéiert, de wëssenschaftleche Sträit zu Danzeg tëscht dem Robert Hooke an dem Johannes Hevelius bäizeleeën.

Duerch seng Berechnungen huet hie 1677 drop higewisen, wéi wichteg den Transit vun der Venus bei der Bestëmmung vun der Sonneparallax ass.

1680 an 1681 ass den Halley a Frankräich an an Italie gereest, an huet eng wëssenschaftlech Zesummenaarbecht tëscht den Observatoirë vu Greenwich a vu Paräis proposéiert.

Tëscht 1698 a 1700 ass hien zweemol an Nordamerika gefuer, fir d'Richtung vun der Magnéitnol op verschiddene Plazen op der Äerduewerfläch ze bestëmmen. Als Resultat vun dëse Reese konnt hie 1701 déi éischt grouss Kaart mat magnéitescher Deklinatioun verëffentlechen.

1703 huet d'Universitéit Oxford den Halley op de Léierstull fir Geometrie geruff. Do huet hien d'Längtebestëmmungen an der Moundtheorie verbessert. 1705 konnt hie mat där neier Method d'Bunnelementer vu Koméiten (d'Jore 1531, 1607 a 1682) berechnen. Duerch déi Berechnunge koum de Verdacht op, datt et sech bei deenen Observatiounen ëmmer ëm de selwechte Koméit dréint, dee géint Ufank 1759 erëmkomme soll.

Well sech d'Virausso bestätegt huet, gouf dee Koméit zanterhier Koméit vum Halley genannt.

Nodeem 1719 de kinneklechen Astronom John Flamsteed gestuerwe war, gouf nach am selwechte Joer den Halley zu sengem Nofollger zu Greenwich genannt. Als Astronom zu Greenwich huet hien d'Stäreverzeechnes vum Ptolemäus verbessert, an an der Geographiae veteris scriptores graeci minores verëffentlecht.

Am Alter vu 86 Joer ass den Edmond Halley de 14. Januar 1742 zu Greenwich gestuerwen.

Nieft senge Berechnunge vu Koméitebunnen, wéi z. B. vum 1P/Halley huet den Halley och den Äerdmagnetismus an de Monsun erfuerscht. Hien huet och d'Eegebeweegung vu Stären entdeckt. Hien huet d'Daucherklack verbessert, an en huet sech mat der Erfindung vum Spigeloktant verdéngt gemaach. De Spigeloktant ass en Instrument an der Navigatioun, fir astronomesch Observatiounen um Mier ze maachen.

Zu Liefzäiten ass hien en "ongleewege Mathematiker" genannt ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Catalogus stellarum australium. - London: s.n., 1679
  • Methodus directa geometrica investigandi excentricitates planetarum (1677)
  • Tabulae astronomicae. - London: s.n., 1749

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cook, Alan: Edmond Halley: charting the heaven's and the seas. - Oxford: Clarendon, 1998. - ISBN 0-19-850031-9
  • Roman, Colin A.: Edmond Halley: genius in eclipse. - London: Macdonald, 1970

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Edmond Halley – Biller, Videoen oder Audiodateien