Edmond Israel

Vu Wikipedia
Edmond Israel
Gebuer 5. Mee 1924
Gestuerwen 4. Februar 2011
Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier

Den Edmond Israel, gebuer de 5. Mee 1924 a gestuerwen de 4. Februar 2011 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Banquier.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

1940 ass den Edmond Israel mat sengen Eltere virun den däitsche Besetzer an d'USA geflücht. nodeem hien 1945 op Lëtzebuerg zeréckkomm war, huet hien eng Aarbechtsplaz fonnt bei der Banque internationale à Luxembourg, wou hien um Enn Member vum Verwaltungsrot a Generaldirekter war. Hie war virun allem um Opbau vun der Finanzplaz Lëtzebuerg bedeelegt. Hie war Verwaltungsrotmember vun der BNP Paribas (Luxembourg), vun der Société Européenne de Banque a vun der Intesa Sanpaolo Holding International.

Follgend Funktiounen hat den Edmond Israel nach:

  • 1968-1983: President vum Israelitesche Consistoire;
  • 1970: hie gouf den éischte President vun der Cedel;
  • 1973-1989: Generaldirekter vun der BIL
  • 1989-1996: President vum Verwaltungsrot vun der Bourse vu Lëtzebuerg;
  • 1993-1995: President vun der Federation of European Stock Exchanges;
  • 1998: hie gouf Vizepresident vum Verwaltungsrot vun der Asia-Europe Foundation.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Edmond Israel gouf ë. a. mat der Goldmedail vum Mérite Européen, dem Leopold-Uerden, an dem Großen Verdienstkreuz der Bundesrepublik Deutschland ausgezeechent. Hie war Éierendokter op der Sacred Heart University Luxembourg an der Universitéit Fribourg.[2]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Israel, Edmond, 2003. Will the 21st century be European? pp. 147–152 in: 400 Joer Kolléisch. Vol. IV: Hommage à l'Athénée. Luxembourg: Éd. Saint-Paul.
  • Israel, Edmond, 2004. Edmond Israel - la vie passionnément: enfant choyé, réfugié, ouvrier d'usine, banquier: une nouvelle pensée. Entretiens avec Raymond Flammant. 178 p. Ed. Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 2-87963-474-1.
  • Israel, Edmond, 2006. In love with Life: an American Dream of a Luxembourger. Interview by Raymond Flammant. Fairfield CT: Sacred Heart Univ. Press. 154 p. ISBN 1-888112-13-1. [Iwwersetzung vun Israel 2004].
  • Israel, Edmond, 2007. Wann den Heinrich Heine den Guy Rewenig getraff hätt...: allocution prononcée à l'occasion de la remise du Prix Servais à Guy Rewenig. In: Remise du Prix Servais 2006 à Monsieur Guy Rewenig. - Mersch: Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise, pp. 7–8.
  • Israel, Edmond, 2010. Einfühlsamkeit und Berliner Luft. In: Remise du Prix Servais 2009 à Monsieur Pol Sax: 17 juin 2009, Centre national de littérature Mersch. Mersch: Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise. pp. 8–9.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emil, 2011. Le sort de la population juive. Trois cas de figure: Edmond Israël, Alfred Oppenheimer et Josy Schlang, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 430-437.
  • Moyse, Laurent, 2011. Du rejet à l'intégration. Histoire des Juifs du Luxembourg des origines à nos jours, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 288 Säiten, ISBN 978-2-87963-810-2, Ss 243, 245, 282.
  • pley: Edmond Israel (1924-2011), Luxemburger Wort Nr 30 vum 5. Februar 2011, S. 4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannoncen am Luxemburger Wort Nr 30 vum 5. Februar 2011, S.79
  2. "Luxemburger Bankier Edmond Israel gestorben." wort.lu, 04.02.2011 12:31, aktualiséiert 04.02.2011 14:20.
  3. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der Säit 94 'Promotion 1994' steet.